“An der aktueller Corona-Kris erléissen d‘Regierungen iwwerall Haushalts-Restriktiounen mat dem Argument, dass kee Budget méi do ass. Mee gläichzäiteg ginn astronomesch Zommen aus dem Hutt gezu fir Finanzinstitutiounen zur Verfügung ze stellen. Vu wou kommen déi Milliarden?”

Eng Skizz vum Finanz- a Bankesystem

Am Mäerz 2020 huet d‘Europäesch Zentralbank (EZB) als Reaktioun op Corona-Kris de Pandemic Emergency Purchase Programme (PEPP) annoncéiert. Dëse Programm soll Scholden opkafen an esou eng Stabilitéit am privaten an ëffentleche Secteur garantéieren – Staatsverscholdung an der EU léit Enn 2020 bei ca. 11 Milliarden Euro, an a Relatioun zum BIP bei 97,3%. D‘EZB accordéiert ufanks eng finanziell Enveloppe vu 750 Milliarden, déi awer kontinuéierlech erhéicht gëtt: „The Governing Council decided to increase the initial €750 billion envelope for the PEPP by €600 billion on 4 June 2020 and by €500 billion on 10 December, for a new total of €1,850 billion.“ Hannert der Motivatioun vun dësem Programm stécht sécherlech eng Angscht, dass et zu engem Kollaps am Finanzsystem kennt. Och geet kloer an den Diskussiounen ëm de Programm, dass d‘EZB a Persoun vun der Presidentin Christine Lagarde, alles drun hält den Euro „sans limites“ ze ënnerstëtzen.

An der aktueller Corona-Kris erléissen d‘Regierungen iwwerall Haushalts-Restriktiounen mat dem Argument, dass kee Budget méi do ass. Mee gläichzäiteg ginn astronomesch Zommen aus dem Hutt gezu fir Finanzinstitutiounen zur Verfügung ze stellen. Vu wou kommen déi Milliarden? A firwat gi des Sue fir beispillsweis Banken an net Sozialleeschtungen ausginn? Dësen Text probéiert des Froen ze beäntwerten a gläichzäiteg eng kleng Rees duerch de Finanz- a Bankensystem ze ënnerhuelen. A fir des virewech ze huelen, et geet ëm eng Analyse vum Kapitalismus an dem Staat – an hir Verstréckung mateneen.

A gewësser Weis si Suen eng Entfriemung vun Tauschmëttel, déi sech innerhalb vun hierarchesch organiséierte Gesellschafte forméiert hunn.

D‘Originne vun de moderne Suen

Villäicht muss een am Ufank festhalen, dass et eng wäitverbreet Lige geet, dass Suen ursprénglech en einfacht Tauschmëttel (fir qualitativ ënnerschiddlech Objete) waren. Des Hypothees beäntwert nämlech net, firwat an der Geschicht eng grouss Parti vu Suen aus notzlosen an net konsuméierbaren Géigestänn bestanen hunn, wei Steng, Muschelen oder Metaller mat enger Prägung oder Markéierung. Grat wann een probéieren d‘modern Suen historesch ze skizzéieren, fält ob, dass d‘Valeur vun de Suen a kengem noutwendege Verhältnis zum Material steet. A gewësser Weis si Suen eng Entfriemung vun Tauschmëttel, déi sech innerhalb vun hierarchesch organiséierte Gesellschafte forméiert hunn. Suen als Tauschmëttel erfëllte vill éischter déi Roll, eng sozial Stellung vum Besëtzer an enger hierarchescher Gesellschaft ze bekräftegen. Aus dem Gronn loossen sech op de freie Suen onverwiesselbar Zeeche vu Mächtegen, wei Adelegen, reliéisen an aner Autoritéite fannen.

War d‘feudalistesch Gesellschaft nach eng relativ stabil, an der déi sozial Stellung duerch eng Villzuel äusserst komplexer Faktore bestëmmt gouf, entsteet duerch eng Akkumulatioun vu Suen d‘Figur vum éischte Kapitalist.

D‘Sue weisen sech als ee Muechtinstrument innerhalb enger vun ënnerschiddlechen Autoritéite regéierter Gesellschaft, wei am engem Feudalistesche System. Et ass géint Enn vum Mëttelalter, wou de Feudalsystem ufänkt mat bréckelen, wou beréits villäicht déi éischt transnational Bank gëtt. De Jakob Fugger (1459-1525) war dee räichsten a bedeitende Geschäftsmann an och Banker vun Europa um Enn vum 15. Joerhonnert. Mat der Famill Fugger léisst sech d‘fréi Geschicht vum Bankesystem zeechnen. Den Erfolleg vum Fugger, dee an engem groussen Netz aus Representanten a ganz Europa bestanen huet, ass gekoppelt un een Ausbau vun Infrastruktur an Kommunikatiounsnetz an Europa. Bedeitend goufen d‘Fugger fir Räicher an Potentanten, an dem si hinne gehollef hunn, Arméien an militäresch Expeditiounen ze finanzéieren. D‘Opkomme vun der „Fugger Bank“ ass a gewësser Weis ee Symbol fir den Ufank vun enger neier Ära: enger Zäit, an der sech d‘Geld vun engem Symbol vun der perséinlecher Muecht zum wichtegsten Tauschmëttel entwéckelt. War d‘feudalistesch Gesellschaft nach eng relativ stabil, an der déi sozial Stellung duerch eng Villzuel äusserst komplexer Faktore bestëmmt gouf, entsteet duerch eng Akkumulatioun vu Suen d‘Figur vum éischte Kapitalist.

D‘Garantie vum Geld

Wei kennt et, dass e gravéiert Metall, bedréckte Pabeier oder eng Reiefolge vum Computer vun 1ten an 0en, iwwerhaapt eppes wäert ass? A wien garantéiert de Wäert vum Geld? War des Froen an enger feudalistescher Gesellschaft nach einfach ze beäntwerten, nämlech duerch d‘reliéiers an herrschend Autoritéite selwer, ginn des zwou Froe mat der Etabléierung vun engem kapitalistesche System méi komplizéiert.

Keng ekonomesch Theorie kennt dolaanscht un engem grondsätzlechen Axiom festzehalen, wann si des Froe beäntwerten. Fir déi klassesch ÖkonomInnen ass et d‘Gesetz vum fräie Marché, den de Wäert garantéiert – just dass kee Maart jeemools „fräi“ war. Fir déi Aner ass et de Staat, den ultimative Regulateur, de fir d‘Garantie vum Wäert vun de Sue verantwortlech ass – just, dass nach ni e Staat ganz eleng no senge Spillreegele spille konnt. Fir d‘marxistesch ÖkonomInnen ass et d‘Aarbecht, déi zum monetäre Wäert compriméiert gëtt – just, dass vill produktiv oder reproduktiv Aarbechten ëmmer nach aus der monetärer Comptabilitéit ausgeschloss ginn. De marxistesche Begrëff vun der Valeur (de op der marxistescher Definitioun vu Proletariat baséiert) berécksiichtegen och net, dass, säit dem Ufank vum Kapitalismus (an a bestëmmte Forme bis haut) „onfräi“ Aarbecht, wei Sklaverei oder Peon, besteet, wei si och keen Zesummenhang mat Krich, Eroberung, Suen a Valeur mann. D‘Akkumulatiouns-Theorie entkräftet sech wann een des matdenkt. Si beschreift éischter een „idealen“ Kapitalismus, wei et en ni ginn ass – dofir ass des Theorie éischter idealistesch, wei se materialistesch ass.

Sue a Geld schenkt also och eppes aneres ze sinn, eng veritabel „Institutioun“ u sech, an dem Sënn, dass se sech der kompletter Gesellschaft gewaltsam als obligatoresch an onausweichlech opdrängt.

Also zréck zu der Fro: Firwat akzeptéiert d‘Keessjee mäin Euroschäin an ech kann dee fir Liewensmëttel „ëmtauschen“? Engersäits ass et eng Routine ginn an Gewunnecht, mee anerersäits ass hien oder hat och zouversiichtlech, dass mäin Schäin selwer vun engem Drëtten als Suen an Mëttel fir ze bezuelen, akzeptéiert gëtt. Méi däitlech geet dëst, wann dëst Vertrauen net do ass. E gutt Beispill sinn Krichszäiten, an der eng Wärung ganz schnell verfale kennen. Et ass manner oder kee Vertrauen do an Schäiner ginn net méi akzeptéiert, mee éischter „konkret“ Tauschmëttel, déi verwent kenne ginn. Vertraue schenkt also e Bestanddeel vum Geld ze sinn, mee gläichzäiteg, wei ee marxistesche Kritiker zu Recht umierkt: „Geld kann net duerch Vertrauen erkläert ginn, well Vertrauen duerch Geld erkläert gëtt.“ Hien trefft sécher e gudde Punkt. Sue a Geld schenkt also och eppes aneres ze sinn, eng veritabel „Institutioun“ u sech, an dem Sënn, dass se sech der kompletter Gesellschaft gewaltsam als obligatoresch an onausweichlech opdrängt.

De Staat eleng, als „Organisatioun vun der Muecht“ huet déi noutwendeg Zwangs-Mëttelen, fir Geld duerchzesetzen.

Wann elo Geld eng Institutioun ass, déi hire Gebraucher Vertraue gëtt, wat ass dann d‘Grondlag vun dëser Institutioun, déi souwuel hir Bestännegkeet, ewéi och seng Dauerhaftegkeet garantéiert? Hei stousse ma dann op d‘Roll vum Staat. Suen haten tatsächlech ëmmer Biergen, mee haut schenkt et nëmmen nach een ze ginn: de Staat. De Staat eleng, als „Organisatioun vun der Muecht“ huet déi noutwendeg Zwangs-Mëttelen, fir Geld duerchzesetzen. Des feiert politesch lenks ÖkonomInnen an Unhänger staatlecher Interventiounen zur Verwiesslung, dass Suen einfach eng Kreatioun vum Staat ass an dofir vun der Politik geréiert an modifiéiert ka ginn. Mee wann de Staat agräift, fir seng Wärung ze garantéieren, ass hien net Här vum Spill – de Staat handelt tatsächlech sou, als wier hien eng Bank. Mee net iergendeng Bank, well hien huet eng Arméi, Prisonge, Gerichter an e Steiersystem, asw.

Moderne Bankesystem

Am Joer 1657 grënnt den Johan Wittmacher (och bekannt als Johan Palmstruch) inspiréiert vun der existéierenden Deposit Banks an Amsterdam an Hamburg, eng Bank a Schweden. Hie füügt awer grondleeënd Finanz Innovatioune bei: Grouss Prêten ginn direkt mat realem Geld finanzéiert, wat dann op engem Kont hannerluecht geet, an net aus dem Verméige vu de Bank-Besëtzer kennt. Fir de Problem vum Decalage ze léisen, dass den ausgeléinte Prêten (laangfristeg) den zur Verfügung stoende Beiträg (kuerzfristeg Prêten) iwwersteige konnt, huet hin e Bankschäin erfonnt, de sougenannte Kreditivsedlar, déi éischt europäesch Bank-Nout. Des konnt ëmmer zu jidderzäit a Gold oder Selwer wat am Besetz vun der Bank war emgetauscht ginn. Des Kreditivsedlar ware bei de Geschäftsleit sou erfollegräich, dass den Palmstruch net anescht konnt, wei, méi Schäiner wei hien Reserve vu sengen Edelmetaller op senger Bank huet, ze drécken. 1668 kollabéiert d‘Palmstruch-Bank. Si hunn ze vill Schäiner ouni Edelmetalldeckung an Ëmlaf bruecht an et koum zu enger Inflatioun, sou dass d‘Bank d‘Schäiner net méi aléisse konnt – d‘Kreditivsedlar goufe wäertlos an den Johan zum Doud verurteelt.

Um Enn vum Joerhonnert, 1694 geet d‘Bank of England vu private Finanzleit gegrënnt. Si léinen dofir beim Staat 1,2 Millioune Pond, mat der si eng Reconstructioun vun der mariner Sträitkraaft finanzéieren an den englesche Krich géint Frankräich weiderféiere konnten. En Echange gouf den englesche Staat Bonds (Obligatiounen) aus. 1844 gouf Bank of England zu enger vum Staat onofhängeger ëffentlecher Institutioun an krut schliisslech de Monopol op Emissionsgeschäft bewëllegt,d‘Ausgabe vu den nationale Banknouten a Mënzen. Am Laf vun den Joerhonnerte gouf no an no déi aner Zentralbanke vu Staaten gegrënnt. Och wann hir Form a Funktioun variéiert, sou ass de Prinzip vun den haitegen Zentralbanken an ongeféier gläich bliwwen.

Waat si Suen dann haut? A Realitéit handelt et sech ëm Kreditgeld.

Entlarve ma gläich direkt ee weit verbreete Glawen, de vu méi oder wéineg allen ekonomesche Schoulen (Marxismus inclus) oprechterhale gouf: Dass, dat vum Staat iwwer Zentralbanken ausgi monnaie fiduciaire (Pabeiergeld) de Geldreserven entsprieche géif. Et gouf ëmmer sou gemaach (v.a. vun de Banke selwer), wei wann dat stemme géif. D‘Realitéit schenkt awer eng aner ze sinn. Als Beispill, wa Geldzommen erhéicht goufen (besonnesch fir e Krich ze finanzéieren) goufen d‘Reserven net erhéicht. Tatsächlech war de Goldstandard ni eng „objektiv“ an „neutral“ Methode, fir de Wäert vu Banknoute ze garantéieren. Et war ëmmer e Resultat vun enger Geldpolitik, déi méi oder manner katastrophal ka sinn, wei z.B. den immodéré Gebrauch vun dem Drecke vu Suen (planche à billets) – wat bedeit, dass e Staat seng finanziell Muecht duerch Imprimeiren vu méi Suen, erhéije kann. Et ass een offent Geheimnis, dass all Staaten heemlech dorop zréckgräifen an esou eng Inflatioun a Kaf huelen, déi doduerch bal ëmmer entsteet. 1973 ass dunn de Riddo endgülteg gefall, wei den amerikanesche Präsident Nixon d‘Net-Konverteierbarkeet vum Dollar a Gold verkënnegt huet. No dem zweete Weltkrich goufe bal all Geldreserven aus der Welt an den USA opbewaart, wat e.a. den Dollar zu der globaler Wärung gemaach huet. Ab dem Joer 1973 gouf et kloer, dass et kee Goldstandard méi gëtt, den de Wäert vun de Sue garantéiert – an dëst war schonns säit puer Joerzéngten de Fall.

Waat si Suen dann haut? A Realitéit handelt et sech ëm Kreditgeld, spréch: ëm Schold (argent dette). A wann haut all Banknot déi een ausgëtt eng Reconnaissance vun der Schold ass, dann ass den Tausch vu Bankschäiner näischt aneres wei eng Zirkulatioun vun der Schold. Des gelt souwuel fir Banknouten, wei och fir dat sougenannte virtuellt Geld.

Wei schaffe Banken

Fir d‘Konzept vum Kredit-Geld ze verstoen, muss een sech ukucke wei Banke fonctionéieren. Do gëtt et fir d‘éischt d‘monetär Basis – Sue vun der Zentralbank. E Basisgeld wat Verbindlechkeet vun der Zentralbank géigeniwwer de Geschäftsbanken duerstellt an sech aus dem Boergeld an der Buchwäerung oder och Giralgeld genannt (monnaie scripturale) zesummesetzt – fir ze preziséieren, Giralgeld si Suen déi a Form vu Siichtkonten a Kreditter bestinn a kuerzfristeg disponibel sinn a benotzt kenne gi fir ze bezuelen. Mënzen a Schäiner maachen haut net méi wei 10% vun der gesamter monetärer Basis aus: déi restlech 90% ass Giralgeld, dat Geschäftsbanken op hire Konte bei der Zentralbank halen – zu dem si exklusiven Zougang hunn. Fir nach emol ze preziséieren, Giralgeld si „virtuell Suen“, si ginn duerch een einfache Computerinscriptioun op dem Konto kreéiert an zerstéiert.

Giralgeld si „virtuell Suen“, si ginn duerch een einfache Computerinscriptioun op dem Konto kreéiert an zerstéiert.

Geschäftsbanken hale bei der Zentralbank sougenannten obligatoresch Reserven (réserves obligatoires), eng Aart fonds de roulement dat bei der Zentralbank bleift. Aus dëse Reserve bezuelen si all Dag déi teschend hinnen zeverrechneden soldes (dat nennt sech Clearing). Praktesch ginn all Dag déi interbancaires Transaktioune berechent (dépôts, retraits, paiements,…), an de positive oder negative Solde geet dann op d‘obligatoresch Reserven ugerechent. Wann eng Bank net genuch vun dëse Reserven huet, fir hiren Daages-Solde ze bezuelen, léint si sech eng Different vun enger anerer Bank (prêt interbancaire), wat bedeit, dass si méi Sue vun der Zentralbank kritt. A Lëtzebuerg kontrolléiert d‘Bankopsiicht de Mindestkapital, fir d‘Secherheet vum Depote ze garantéieren.

A lo stellt sech d‘Fro: Vu wou kennt des Zentralbank-Geld a wei kenne Banken et hierstellen? Wei den Numm scho seet, kreéiert d‘Zentralbank des Suen a stellt se de Geschäftsbanken zu Verfügung. Fir hire Volume vum Zentralgeld ze erhéijen, muss sech Geschäftsbank bei der Zentralbank refinanzéieren. Mee de Begrëff „Refinanzéierung“ ass irritéierend, well et kéint een unhuelen, dass d‘Geschäftsbanken bezuele missen, fir dëst Zentralbankgeld ze kréien, mee dat ass net de Fall. Freier misste Geschäftsbanken hir Créance (Suen, déi hine vu Privatpersounen oder Entreprisë geschold gouf) un Zentralbank schécken, an déi huet se zréckkaaft an hinnen am Géigenzuch Zentralbankgeld ginn. Haut ass dat awer net méi de Fall. Déi obligatoresch Reserven, déi Geschäftsbanken bei der Zentralbank halen, ginn net nëmme remuneréiert (zumindest an Europa), mee duerch e Spill teschend Aktiva a Passiva ginn des Bonien vun der Zentralbank „absorbéiert“ an de Banken a Form vu Liquiditéit zur Verfügung gestallt. Des ass méiglech well d‘Zentralbank e ofgeschlosse System ass.

An der Eurozone läit den Taux bei 1%. En Gros, kann eng Bank fir all Euro, den si bei der Zentralbank leien hued, 99% a Geschäftsgeld un Privatpersounen an Entrepirse léinen. A Realitéit ass dësen Taux bal op Null diminuéier.

Niewent der monetärer Basis, also de Sue vun der Zentralbank, ginn et Sue vun de Geschäftsbanken (monnaie commerciel). Wei och hei den Numm et seet, ginn des vun de Geschäftsbanken kreéiert. Theoretesch besteet dobäi en Zesummenhang teschend der obligatoresche Reserven an de Quantitéit vun dësem Geschäftgeld, déi si kreéiere kann. An der Eurozone läit den Taux bei 1%. En Gros, kann eng Bank fir all Euro, den si bei der Zentralbank leien hued, 99% a Geschäftsgeld un Privatpersounen an Entrepirse léinen. A Realitéit ass dësen Taux bal op Null diminuéiert, an dem Sënn, dass d‘Zentralbanken sech bal ni refuséieren, de Geschäftsbanken méi Liquiditéit ze ginn (ausser am Fall dass eng Bank ganz kloer net stabil ass).

Mee wei kann eng Bank da Geschäftsgeld kreéieren? Ganz einfach, an dem si einfach Suen op hire Konte verbucht! Dat widderspriecht der weit verbreeter Suppositioun, dass Banken nëmmen de Vermeichewert vun hiren eegene Clientë léinen. Dat ass awer net de Fall: Fir all accordéierte Prête verbucht d‘Bank ee Kredit op hiert Kont. Sie kreéieren also Suen, an zwar ouni Grenze wei just déi, déi hir vun hirer eegener Strategie virginn ass, déi vun der Solvabilitéit vun de Clientë bestëmmt gëtt. Wann also Banken ufänken a groussem Ëmfang Prêten ze verginn, ouni Solvabilitéit vun de Clienten déi e Prête wëllen huelen, sécherzestellen (wei et de Fall bei der Subprime-Krise 2008) an dëse Prête dann op hiert Konto fir d‘Finanzéierung vu weidere Finanzoperatioune verwende gëtt, kreéieren si net nëmmen ex nihilo Geld (wat souwisou de Cas ass), mee och ouni eng haltbar Géigeleeschtung. Des Prêten ginn dann toxesch, well si fir Inhaber vun der Schold kee Gewënn méi produzéiert.

De Staat, déi besonneg Bank

Wei uewe scho kuerz beschriwwen, ass de Staat eng besonnesch Bank. Als Organisatioun vun der Muecht, ass de Staat méi oder wéineg deen eenzegen (eben ofgesi vu Mafia a Schutzgelderpresser), dee vu senge Sujeten (Bierger) ganz einfach Suen a Form vu Steieren erpresse kann. Steieren an de Steiersystem sinn eng wichteg finanziell Source fir de Staat. Mir bleiwen dobäi am idealisteschen Encadrement vun den ÖkonomInnen an TheoreitkerInnen. Well wat si nämlech ausloossen, awer wichteg als staatlech Source ass, sinn déi stänneg a systemesch Ausbeutung vun natierleche Ressourcen, esou wei vu Mënschen duerch Kricher, Conquête a Koloniséierung – duerch des konnten a kennen sech grad déi westlech Länner eng virherrschend Positioun aschaffen. Zousätzlech zu de Steieren an ofgesi vun den uewe genannte Mechanisme vun dem „planche à billets“ (Drecke vu Suen), finanzéiert sech ee Staat duerch Ausgabe vu Wäertpabeieren (dat heescht: d‘Unerkennung vu senger Schold). Des sinn mat engem taux d’intérêt versat, zousätzlech zu engem Montant vum Prête wann dëse Fälleg gëtt, déi op dem „marché primaire“ verkaaft ginn. Beispill: Eng Bank keeft 2000 Tresor Bonge fir 1 000 Euro, zu engem taux vun 2% mat enger Lafzäit vun 2 Joer (geléinte Montant vum Staat: 2 Milliounen), a verkeeft si dann un e Marché Secondaire fir jeeweils 1 100 Euro ( bénéfice réalisé : 200 000 euros).

De Staat léint andauernd – virun allem fir hir alen a fälleg Prêten ze rembourséieren. Wann hir Soliditéit als indiscutable gelt (de Staat verschwend net iwwer Nuecht mat de suen a senger Keess), funktionéiert dese System fir eng rëtsch vu Länner perfekt. Anescht ass et, wann d‘Tauxen „exorbitant“ ginn, wann hir Fiabilitéit net ganz esou héich ass an si riskéieren net zréckbezuelen ze kennen (wei 2010 Griicheland). Alles an allem huet déi temporär Onfäegkeet vu Länner un der europäescher Peripherie hir Schold zréck ze bezuelen, nëmmen e klengen Afloss ob d‘Stabilitéit vun dem globale Finanzsystem. Griicheland beispillsweis huet seng Staatsscholden ouni grousse Problem mat franséischen an däitsche Banke fräikaaft kritt – natierlech mam Echange géint drastesch Programmer fir d‘Reduzéierung vun ëffentlechen Ausgaben, genausou wei et an 1980er Jore fir sougenannte „Entwécklungslänner“ de Fall war, déi enger Kontroll vum Internationale Wärungsfong ënnerstallt goufen. Mee d‘Covid-Fonden sinn net nëmmen nei Staatsscholden, mee eppes méi nach méi Staarkes.

Fir des Scholden ze kafen, bréngt d‘EZB ex nihilo Geld eraus, d.h. duerch eng einfach Augmentatioun vun dem monnaie central, de Sue vun der Zentralbank.

Säit dem Finanzkollaps 2008, bedreiwen d‘Staaten eng monétaire Politik, déi „quantiativ Lockerung“ („assouplissement quantitatif“/„quantitative easing”) genannt gett. Agefouert vun der Federal Reserve an den USA an da vun der Europäescher Zentralbank (EZB) a méi oder wéineger heemlecher Form an d’Praxis ëmgesat. Des quantiviate Lockerungen besteet doran, dass d’Zentralbank selwer e groussen Ëmfang vu Staatsscholden opkeeft. Fir des Scholden ze kafen, bréngt d‘EZB ex nihilo Geld eraus, d.h. duerch eng einfach Augmentatioun vun dem monnaie central, de Sue vun der Zentralbank. Am Fall vun den USA meescht d‘Federal Resrve dëst direkt op dem marché primaire: Sie kafe vum Staat Wäertpabeier, déi dann iwwer zousätzlech Liquiditéit verfügen. Fir de Cas vun der europäescher Zone ass de Prozess liicht anescht: D‘EZB keeft Wäertpabeier op dem marché secondaire (also Wäertpabeier déi vun dem Staat ausgi sinn a vu privaten Acteure gehale ginn) a stellt sou de Finanzacteuren nei Liquiditéit zur Verfügung.

Eigentlech sinn Zentralbanke vum Staat onofhängeg ëffentlech Institutiounen, mee de Staat finanzéiert sech an Finanzacteuren duerch d‘Schaffe vu Suen. Des Schaffe vu Geld ass also virtuell: Si bestinn einfach doran, dass Konten déi all Bank bei der Zentralbank ënnerhält, eng Null beigefügt gëtt, déi Liquiditéit kann dann un all Finanzacteuren (wei Assurancen, Pensiounskeessen, asw.) weidergeleet ginn. Wa mir eis also froen: Vu wou kommen déi Milliarden? Dann ass d‘Äntwert: Vun engem Prozess vun de Hierstellung vu monnaie scripturale (Giralgeld). Ex nihilo.

Vu wou kommen déi Milliarden? Vun engem Prozess vun de Hierstellung vu monnaie scripturale.

No der gläicher Iddi kann de Staat Entreprisen, déi als liewenswichteg fir d‘Gesamtwirtschaft gëllen (Banke, Arméi oder Transport) mat Rettungsaktiounen (Bail-outs) hëllefen, wann si sech an Schwieregkeete befannen. De Staat intervenéiert als ultimative „Prêt-Spender“, oft begleet vun anere grousse Finanzacteuren. Si retten d‘betraffen Entreprise, an dem en seng Undeeler keeft an v.a. esou eng Kreditsecherheet gewäert. Wann sech dann d‘Entreprise erhuelt huet, keeft hie Wäertpabeieren zréck. Dëst ass e eklatant Beispill fir déi noutwendeg an onausweichlech Verflechtung vu Kapitalismus a Staat.

Kritik a falsch Kritiker

Lénks echaufféiert een sech doriwwer, dass d‘Zentralbanken d‘Banke rette kennen an prangert „d‘Finanzéierung vum Kapitalismus“ am Géigesaz zu der „économie réelle“ un. Riets echaufféiert een sech doriwwer, dass d‘Staaten sech verscholden a an de Maart agräifen, dozou prangeren si eng „artificielle Reguléierung“ an e „forçage“ vum Maarkt un. Wei mir probéiert hunn duerzeleeën, kann de Staat an d‘Kapital net ouni eneen existéieren. De „freie Maart“, wei en sech de Adam Smith virgestallt huet, gouf et ni, genausou wéineg wei déi grouss Staaten ouni déi stänneg Hierstellung vun neie Marchéen existéiere konnten a kennen. De Kapitalismus gouf schonn ëmmer reguléiert, dat eenzegt wat sech ännert, wann sech de Kapitalismus weiderentwéckelt an ëmstrukturéiert, ass d‘Aart a Wéis, wei een reguléiert gëtt.

Finanze – genausou wei Wueren – mussen am Kapitalismus ëmmer a Beweegung sinn an zirkuléieren.

Et schenkt haut esou, dass Hierstellung vu Suen onendlech ass. Mee d‘Kreatioun vu Geschäftsgeld duerch Banke baséiert net op enger „realer“ Produktioun vu Wueren an Déngschtleeschtung – d‘ Equatioun war ni grondleeënd fir d‘Kapitalakkumulatioun. Grondleeënd ass Zirkulatioun vu Suen!

Finanze – genausou wei Wueren – mussen am Kapitalismus ëmmer a Beweegung sinn an zirkuléieren. Stagnéieren si, stagnéiert och de System a riskéiert ze Kollabéieren. Mee Zirkulatioun muss net nëmmen andauernd gewäert ginn, mee muss sech kontinuéierlech optiméieren an ausbauen – d‘Rate of Profit gelt allgemeng als Geschäftsideal an war Guide duerch d‘Joerhonnert vun der kapitalistescher Ausbeutung. Dofir kennt et ëmmer rëm zu Ëmstrukturéierungen: An den 1970er Jore gouf ugefaange Produktioun ze verlageren an auszelageren, et koum zu Lounkierzungen, Automatiséierung, Flexibilisatioun vun der Aarbechtskraaft um Marché, asw. Fir an den 1990er Joren zu enger Produktivitéits Steigerung ze kommen – een Ausbau vum Weltfinanzmaart. Ouni d‘Méiglechkeet, Investitioune schnell vun engem Enn vun der Welt op den aneren ze tätegen, op der sich no der geréngster Akkumulatioun fir den prognostizéiere Gewënn, wier de globale Kapitalismus sécherlech stagnéiert. Hätten d‘Regierungen 2008 keng Liquiditéit an de Finanzmarché gepompt, wären d‘Rieder vun der Weltwirtschaft un Stoe komm. Genausou 2020, hätten d‘Regierungen net nei „onkonventionell“ geldpolitesch Programme lancéiert, hätt sech d‘Wirtschaft net sou erholl, wei se lo den Uschein huet.

D‘Fro déi nach opsteet, ass: Wéini ass den nächsten Echeance? Besonnesch well sech Geschäftsbanken net méi nëmmen op Prêten konzentréieren, mee all méiglech Finanzprodukter an a si investéieren, déi sou staark wuessen an sech diversifizéieren, dass souguer de Keefer an Verkeefer selwer oft net wëssen, wat wierklech dra stécht. Haut schenkt et, wann een den Meldunge vun der Bourse, gleeft, dass des Cours besonnesch bei de matiere premiere besteet. D‘Präisser vu Rohstoffer déi an enger Erwaardung vun enger weltwäiter Erhuelung konstant klammen.

Dëst Zenario vun engem Finanzkollaps zum nächsten, schenkt net een Enn ze hunn, mee éischter zum ugepasste Modus enger neier Ekonomie 4.0 ze ginn.

Mat der enormer Liquiditéit, déi Finanzacteuren de Regierungen zur Verfügung gestallt hunn, kann eng nei Ronn ufänken. An et gesäit net esou aus, als géif des Liquiditéit, wei d‘PoliterInnen hoffen (déi meeschtens dovun näischt verstinn) an éischter Linn fir Investitioun an „Realwirtschaft“ an national Industrie benotzt ginn. Et ass einfach sou, dass déi ëmmer méi frenetesch Zirkulatioun vum Kapital, zesumme mat relativer globaler Instabilitéit (Pandemie, Klimawandel, Kricher, Staatsverscholdung) net stimuléiert. Dëst Zenario vun engem Finanzkollaps zum nächsten, schenkt net een Enn ze hunn, mee éischter zum ugepasste Modus enger neier Ekonomie 4.0 ze ginn. Soulaang Staaten duerch Kreatioun vu Geld (an Veraarmung vun hire BirgerInnen) intervenéieren kennen, kann d‘Cours um Finanzmarché weidergoen. Mee deen Dag, wann et net méi Länner un der europäescher Peripherie sinn, wei Griicheland oder Irland, déi kuerz virun enger Defaut de Paiement stinn, mee Länner wei, Frankräich, Däitschland oder och Lëtzebuerg, da ka kee soe wat geschitt.