Pas de paix avec l’existant

qui ne connaît pas la paix ! La guerre est horrible. Elle l’a toujours été. Il y a juste beaucoup de gens qui se sont laissé raconter des contes par la propagande de guerre de leurs propres gouvernements. De « maintien de la paix », d’interventions militaires dans des « régions fragile », des coups contre de prétendus terroristes, …

D‘Reguléierung vum Kierper an Zäite vu Covid-19

oder: wat ass Bio-Politik? Déi staatlech Muecht wäisst sech a verschiddene Formen, mee ëmmer mam But seng Autoritéit ze legitiméieren an auszebauen. Si ka virsuerglech dohier kommen oder sech ganz kloer gewaltvoll an totalitär ausdrécken. Muecht léisst sech villäicht als „Konscht vum Regéieren“ beschreiwen. Eng „Konscht“ dovun ass, Muecht net direkt op den Eenzelen auszeüben, …

Apropos déidlech Schëss zu Ettelbréck

Den 31. Juli gouf bei der Place Marie-Thérèse zu Ettelbréck, e Mënscheliewen duerch eng Kugel vun engem Polizist beendegt. No dem Policerapport an der Press (déi dësen iwwerholl hunn) ass de spéideren erschossene Mann mat engem geklauten Auto vun Housen geflücht an gouf spéider zu Ettelbréck vun zwee Poliziste gestallt. Op der Platz hunn sech …

Eng Wunnengskris an der 20.000 Wunnengen eidel stinn?

Säit Jore gëtt d‘Wunnengssituatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi schlëmm. D‘Nofro ass vill méi grouss wei d‘Offer, mee virun allem feelt et un abordabelem Wunnraum. Eng Wunneng oder een Haus ass zu engem Luxus-Objet ginn. D‘Wuer „Immobilie“ bleift zu Lëtzebuerg mat enger Wuesstems-Taux vu 16,7% bannen engem Joer, weiderhin dat lukratiivsten Investment vir Spëtzeverdénger an Millionären. …

D‘Diktat vun der Marchandise an d‘Märche vum fräie Maart

Ee fräie Maart existéiert net, huet nach ni existéiert an wäert och ni existéieren. Meeschtens ass et nëmmen e politesche Kampfbegrëff vu Räicher déi „hir Geschäfter“ sou weit wei et méiglech ass, ouni „(staatlech) Restriktiounen“ maache wëllen, mee och si wëssen, e wierklech fräie Maart ass onméiglech (ganz dovun ofgesinn, ob des wierklech ee fräie …

Setze mir all am selwechte Boot?

Oft an besonnesch a „Krisenzäiten“ héiert een: „mir setzen all am selwechte Boot“. Mee stemmt dat iwwerhaapt? A wiem netzt des Behaaptung? Fir dëser Fro op de Grond ze goen, muss een als éischt gesinn, dass et verschidden Interessen innerhalb der Gesellschaft ginn an des stinn sech oft antagonistesch géigeniwwer. Beispillsweis huet ee Patron een …

Politik demoléieren!

An der Logik vun der Politik ginn et keng Individuen, also keng eenzel Mënschen, mee nëmme Bierger: de Mënsch als politesch Subjekt. Entscheedungen, déi een indirekt oder direkt betreffen, soll un Anerer, Politiker, Institutioune weidergeleet an vun hinne geréiert ginn. Vill Leit huelen dëst warscheinlech als Entlaaschtung op, well hinne kee Kapp oder Kraaft méi …

D‘Police ofschafen!

E Beitrag vir eng Diskussioun déi et (nach) net zu Lëtzebuerg gëtt Resümmee: D‘Police verkierpert d‘Muecht vum Staat a mécht seng Gesetzer a d‘Muechtverhältnisser real a spierbar. Dobäi ass d‘Police d‘Legitimatioun vum Gewaltmonopol, déi sech de Staat selwer zougesteet. Anescht wier d‘staatlech Legitimatioun just imaginär. De primären Zweck vun der Police ass hir Selbsterhaalung – …

Money Money Money

“An der aktueller Corona-Kris erléissen d‘Regierungen iwwerall Haushalts-Restriktiounen mat dem Argument, dass kee Budget méi do ass. Mee gläichzäiteg ginn astronomesch Zommen aus dem Hutt gezu fir Finanzinstitutiounen zur Verfügung ze stellen. Vu wou kommen déi Milliarden?” Eng Skizz vum Finanz- a Bankesystem Am Mäerz 2020 huet d‘Europäesch Zentralbank (EZB) als Reaktioun op Corona-Kris de …