D‘Diktat vun der Marchandise an d‘Märche vum fräie Maart

Ee fräie Maart existéiert net, huet nach ni existéiert an wäert och ni existéieren. Meeschtens ass et nëmmen e politesche Kampfbegrëff vu Räicher déi „hir Geschäfter“ sou weit wei et méiglech ass, ouni „(staatlech) Restriktiounen“ maache wëllen, mee och si wëssen, e wierklech fräie Maart ass onméiglech (ganz dovun ofgesinn, ob des wierklech ee fräie …

Money Money Money

“An der aktueller Corona-Kris erléissen d‘Regierungen iwwerall Haushalts-Restriktiounen mat dem Argument, dass kee Budget méi do ass. Mee gläichzäiteg ginn astronomesch Zommen aus dem Hutt gezu fir Finanzinstitutiounen zur Verfügung ze stellen. Vu wou kommen déi Milliarden?” Eng Skizz vum Finanz- a Bankesystem Am Mäerz 2020 huet d‘Europäesch Zentralbank (EZB) als Reaktioun op Corona-Kris de …