Eng Wunnengskris an der 20.000 Wunnengen eidel stinn?

Säit Jore gëtt d‘Wunnengssituatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi schlëmm. D‘Nofro ass vill méi grouss wei d‘Offer, mee virun allem feelt et un abordabelem Wunnraum. Eng Wunneng oder een Haus ass zu engem Luxus-Objet ginn. D‘Wuer „Immobilie“ bleift zu Lëtzebuerg mat enger Wuesstems-Taux vu 16,7% bannen engem Joer, weiderhin dat lukratiivsten Investment vir Spëtzeverdénger an Millionären. …

[Poster] Isolatioun

D‘Isolatioun ass déi stäerkste Waff vum Kapitalismus. Si déngt dozou alles, d‘Gesellschaft an zwesche-mënschlech Bezéiungen, dem Diktat vun der Marchandise ze ënnerwerfen. Dobäi entlarvt sech déi bestoend Gesellschaft als eng Gemeinschaft vum Konsum (vu Social Media bis zum Nightlife). Net nëmme Géigestänn gi verwäert, mee och Mënschen – an d‘ Kategoriseierung dréit dozou bei. D‘Fräiheet …