Eng Wunnengskris an der 20.000 Wunnengen eidel stinn?

Säit Jore gëtt d‘Wunnengssituatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi schlëmm. D‘Nofro ass vill méi grouss wei d‘Offer, mee virun allem feelt et un abordabelem Wunnraum. Eng Wunneng oder een Haus ass zu engem Luxus-Objet ginn. D‘Wuer „Immobilie“ bleift zu Lëtzebuerg mat enger Wuesstems-Taux vu 16,7% bannen engem Joer, weiderhin dat lukratiivsten Investment vir Spëtzeverdénger an Millionären. …

D‘Diktat vun der Marchandise an d‘Märche vum fräie Maart

Ee fräie Maart existéiert net, huet nach ni existéiert an wäert och ni existéieren. Meeschtens ass et nëmmen e politesche Kampfbegrëff vu Räicher déi „hir Geschäfter“ sou weit wei et méiglech ass, ouni „(staatlech) Restriktiounen“ maache wëllen, mee och si wëssen, e wierklech fräie Maart ass onméiglech (ganz dovun ofgesinn, ob des wierklech ee fräie …

Money Money Money

“An der aktueller Corona-Kris erléissen d‘Regierungen iwwerall Haushalts-Restriktiounen mat dem Argument, dass kee Budget méi do ass. Mee gläichzäiteg ginn astronomesch Zommen aus dem Hutt gezu fir Finanzinstitutiounen zur Verfügung ze stellen. Vu wou kommen déi Milliarden?” Eng Skizz vum Finanz- a Bankesystem Am Mäerz 2020 huet d‘Europäesch Zentralbank (EZB) als Reaktioun op Corona-Kris de …

D‘Kaarten nei gemëscht

China, d‘USA an mat der EU, Lëtzebuerg iergendwéi dertëschent Zeitunge wei forum an och reporter.lu hunn sech an hire leschten Ausgabe mat dem Thema China befaasst an een interessante Bléck op Lëtzebuerg an hir Relatioun mat China geworf. Mir wëllen hei ee weidere Beitrag leschten a probéieren d‘Entwécklung vu China innerhalb enger globaler Ëmstrukturéierung an …