E Beitrag vir eng Diskussioun déi et (nach) net zu Lëtzebuerg gëtt

Resümmee: D‘Police verkierpert d‘Muecht vum Staat a mécht seng Gesetzer a d‘Muechtverhältnisser real a spierbar. Dobäi ass d‘Police d‘Legitimatioun vum Gewaltmonopol, déi sech de Staat selwer zougesteet. Anescht wier d‘staatlech Legitimatioun just imaginär. De primären Zweck vun der Police ass hir Selbsterhaalung – Wuesstum, méi Pouvoir an dat, onendlech vill. Wann een déi ënnerschiddlech politesch Regierungen a Staate vergläicht, déi all eng Police hunn, kennt een zur Conclusioun, dass d‘Monopol vun der Police net duerch d‘Mëttel vun der Gewaltausübung, mee duerch d‘Rechtméissegkeet vun der Gewaltuwennung ausgeüübt gëtt. Mee wann d‘Police d‘Recht iwwer Liewen an Doud huet, dann huet dat näischt mat Gerechtegkeet ze dinn. Wa mir toleréieren, dass d‘Police Waffen huet, da kennen des ëmmer och benotzt ginn… D‘Recht een ëmzebrénge kann awer kengem Mënsch gehéieren, wann da, kann des Recht nëmmen duerch eng verwerflech Rechtsgrondlag legitiméiert ginn. Wann zum Beispill an deene meeschte Länner Doudesstrof ofgeschaaft ass, schaaft dat net d‘Gewalt vun der Police of – déi d‘Risiko matbréngt Mënschen ëmzebréngen. Genau dat ass de Fal, d‘Police bréngt Leit ëm! A wann se net ëmbréngt, da schléit, foltert, diskriminéiert an erniddregt si. Sech also d‘Fro ze stellen, wei ouni Police liewen a mat Problemer a Konflikter ëmgoen, ass d‘Fro wei ouni strukturell an organiséiert Gewalt liewen? Des Fro eeschthaft ze diskutéieren a se praktesch ze experimentéieren, stellt sech leider ëmmer ze spéit, nom Doud vun engem Mënsch duerch d‘Police.

„Mir probéieren een contrairë Wee ze zeechnen: D‘Police ofschafen!“

D‘lescht Joer, op d‘Reaktioun op den Polizeimord um George Floyd, gouf doriwwer intensiv diskutéiert, wei een d‘Police ofbaut („defund the police“) oder och komplett ofschaaft. D‘Police steet dobäi ëmmer rëm (net nëmmen an den USA) an der Kritik rassistesch ze sinn, ze diskriminéieren, onverhältnesméisseg Gewalt unzewenden an (onbewaffnet) Mënschen ëmzebréngen. Mee anscheinend all dem zu Trotz gëtt global de Pouvoir vun der Police weider ausgebaut. De lëtzebuergesche Staat, dee bei der Léisung vu soziale Problemer virun allem op repressiv Methoden zréck gräift, ass keng Ausnam. An den aktuellen Diskussiounen hei am Land geet et dreems, dass d‘Police reforméiert, ausgebaut a verstäerkt muss ginn. Mir probéieren een contrairë Wee ze zeechnen: D‘Police ofschafen![1]

Sou munchen huet hei schonn opgehalen dësen Text ze liesen, well een sech keng Welt ouni Flicke virstelle kann. Oder een sech des als eng Welt an der „Mord und Totschlag“ herrscht virstellt. Mee et ass awer och iergendwéi verständlech, dass Leit denken, dass ouni eng „legitim“ Gewalt, d‘Mënschen net fäeg wieren zesummen ze liewen, net kapabel wiere kollektiv Reegele fir d‘Liewen ze diskutéieren an opzestellen, mee bei der éischter Geleeënheet sech d‘Käpp aschloen. Well des Ligen iwwerall (re-) produzéiert gëtt. D‘Police selwer an d‘Herrschaft déi si brauch fir eng bestëmmt Weltuerdnung oprechtzëerhalen, fiddert dëse Glawen, bzw. Ligen, dass mir ouni Police wei bei „the purge“ liewe géifen. Wann een d‘Ofschafung vun der Police (an all organiséiert Gewalt) seriö diskutéiere well, muss een des Ligen iwwerwannen an zerstéieren. Well wann een net nëmmen dovun ausgeet, mee als ondiskutéierte Grondsätz hellt, dass d‘Police déi eenzeg sinn, déi ee sënnvolle Beitrag fir Gerechtegkeet an e bien public (dem si angeblech denge sollen) leeschte kennen, erfëllt d‘Police virun allem ee Selbstzweck. Hir Muecht fundéiert a geet ausgebaut op dësem Axiom, ouni sech wierklech ze froen, ob een net besser dru wier ouni Police.[2]

Etymologesch geet d‘Police zréck op dat Griichescht Wuert „polis“, Stadstaat. An domat beschreift des gutt d‘Originne vun dëser: Gardien vun der staatlecher Uerdnung. Hir Aufgab bezitt sech, wann e sou well, op d‘ (staatlech) Kontroll vun der eegener Populatioun. D‘Existenz vun der Police berout op enger Muecht, fir genau ze sinn, op dem gesetzleche Monopol vun exekutiver a legaler Gewalt. Des Muecht gëtt duerch de Staat autoriséiert, fir, dass, de Respekt viru sengem Recht a senge Gesetzer duerchgesat gëtt. Dobäi versteet sech d‘Police selwer net nëmmen als Diener vum Gesetz, mee och vun der Gerechtegkeet. Doraus ergëtt sech dat subjektiivt Gefill vun der Police, ni genuch Pouvoir ze hunn. Och wann den eenzele Flic selwer mengt hie géif der Gerechtegkeet dengen an net nëmmen dem Gesetz, wéisst dat, dass d‘Aarbecht vun der Police am Endeffekt totalitär ass. De Flic ass a senger Uniform a gewësser Weis déi total Verkierperung vum Staat, well aus der Siicht vum Staat huet hir keng Fräiheet, déi seng Legitimitéit net komplett aus der vum Staat hierleet. De Polizist ass e Mëttel fir de Staat, säi Recht mat alle Mëttelen dohin auszebauen, wou en nach net (genuch) present ass. Och Totalitär an dem Sënn, dass de Flic an och de Bierger, dovun ausginn, dass d‘Gerechtegkeet an d‘ëffentlech Wuel vun der Policeaarbecht ofhängeg ass; des ass awer eng Fiktioun an net Realitéit, mee doduerch dass een dëst als wouer unhëlt a propagéiert, kann d‘Police selwer een onendlecht Striewe vu Muecht ausléisen: „Méi Police a méi Pouvoir fir si, wat méi Gerechtegkeet“. Des muss problematiséiert ginn, mee sech dobäi un de Staat selwer ze riichten ass kontraproduktiv, well d‘Police Verkierperung vum Staat a senger reaalster – well spierbaarster – Form ass. Oder anescht: d‘Muecht a Gewalt vum Staat (ob demokratesch oder net), seng Gesetzer duerchzesetzen, wéisst sech a senger gräifbarster a siichtbarster Form duerch d‘Präsens vun der Police am alldeegleche Liewen. Et sinn d‘Handschellen déi klécke wann d‘Flicken se engem un dinn, deen déi onverfälscht an direkt Beréierung tëschent der Realitéit a dem Staat ass. Aner Kontakter, déi de Staat mengt mat der Realitéit ze hunn, sinn éischter imaginär a symbolesch (Steieren, staatlech Subversiounen, ëffentlech Déngschtleeschtungen, asw.). Des sinn net real, well si kee Resultat vum Staat sinn – well si net direkt de Kierper ugräifen, mee éischter d‘Sue vun engem, d‘ëffentlech Wuel, asw. D‘staatlech Gewalt a Form vun der Police (mee och de Prisong zum Beispill) ass virun allem eng physikalesch Realitéit.

D‘Police personifizéiert net nëmmen de Staat, mee och d‘Verteidegung vum Privateegentum, dat fundamental vir de Kapitalismus ass. Et ass dofir keen Zoufall, dass d‘Origine vun der moderner Police op d‘Entstehung an d‘Etabléierung vum kapitalistesche System zréck ginn. D‘Police huet der Iddi vum moderne Staat a Kapital eng Realitéit ginn, si mécht béides siichtbar a virun allem spierbar! Ouni eng Exekutiv a legitim Gewalt wier de Staat a seng Gesetzer (an d‘Eegentumsverhältnisser) nëmme fiktiv oder eng Fräiwëllegkeet – eng staatlech Herrschaft wier net méiglech. Mee nëmmen duerch d‘Menace vu Gewalt mécht de Flic dass ee Gesetz real gëtt. An der praktescher Spierbarkeet vum Staat erfëllt d‘Police zwou Funktiounen: Engersäits, déi bekannt ass, eng Repressiv an anerersäits, déi manner wouergeholl gëtt, eng allgemeng Gewalt, déi dorop zielt d‘Individuum ze zerstéieren an de Bierger ze schaffen. Wei gesot, de Staat muss dem Eenzelen seng Roll als Bierger opdrängen, dass en déi verënnerlecht. Dass also sou gutt wei ëmmer d‘Gefor vum Police-Pouvoir vum Staat ignoréiert gëtt (wei zum Beispill bei der onverhältnesméisseger Gewalt vun engem Flic) ass selbstverständlech. Mee och de Bierger ignoréiert des, ausser e gëtt selwer Opfer dovun. Wa mir awer d‘Diskussiounen ukucken, déi aktuell op Platze gefouert ginn, dann ass et nach méi schlëmm, well: d‘Gefor vun enger massiver Muecht vun der Police gëtt als noutwendeg Iwwel geholl, well hir ëffentlech Aufgab d‘Ausübung vu Recht an Uerdnung ass. Et schenkt also Paradox ze erkennen, dass d‘Police selwer dozou bäidréit, dass eng gesellschaftlech Ongerechtegkeet oprecht bleift (wei z.B. d‘Eegentumsverhältnisser, d‘Scheier tëschent aarm a räich…).

„Slogane wei No Justice, No Peace – Fight the police, Police partout, justice nulle part, treffen ee wichtege a richtege Punkt, dass d‘Police eben net Gerechtegkeet bedeit, éischter de Contraire.“

De Staat huet och aner Organer oder Moossname fir seng Populatioun ze geréieren, mee ëmmer do wou de Staat schwaach schenkt oder tatsächlech ass, gëtt den Appell un méi Police méi grouss (an net z.B. un eng méi gerecht Gesellschaft). Wei den Discours ëm Kriminalitéit, deen (net nëmmen) vun der politescher Rietser gefiedert gëtt, gëtt ëmmer rëm méi Police an méi Pouvoir fir si gefuerdert, well de Staat eleng net fäeg wier de Problem an de Greff ze kréien. Konkret dréit sech aktuell eng Diskussioun ëm Stater Gare an, dass de Staat net duerchgräift, dass een méi Police oder ebe privat Sécherheetsleit brauch. A wat d‘Situatioun méi schlëmm duergestallt gëtt (oder och tatsächlech ass), wat d‘Police méi vun der Regierung an de „gudde“ Bierger verdeedegt gëtt – och wann d‘Police iwwert hir Befugnisser schléit, een mol eng „hanne bei“ kritt, asw.

Bei der Diskussioun ëm Police a Kriminalitéit, déi vun der Regierung gefouert gëtt, geet et dreems, dass d‘Police net genuch Ressourcen huet fir dem Problem „Meeschter“ ze ginn. Et bréicht ee méi PolizistInnen um Terrain a Büro, méi gesetzlech Méiglechkeeten, méi a besser technesch Ekipement. Mee och wa d‘Strofdoten zréck ginn, gëtt de Pouvoir vun der Police net zréck. Dobäi musse ma preziséieren, dass net Strofdote selwer gekuckt ginn, mee d‘Plainten an Interventioune vun der Police oder wat confisquéiert gëtt. D‘Zuelen dovun an d‘Ressource vun der Police ginn zum eenzege Critère. Wann d‘Zuelen (vu Festnamen, confisquéieren Drogen, Plainten,…) ze niddereg sinn, da leit et der Regierung, dem Inneministere oder Policedirektioun no, dorun, dass net genuch Ressource do sinn, dass d‘Police effikass schaffe kann. A wann, wei aktuell an der Stad d‘Police net schnell genuch opgestockt ka ginn, da gi privat Sécherheetsfirmen op den Terrain geschéckt.[3] D‘Diskussioun iwwer privat Sécherheetsfirmen an der Stad ass leedeglech eng Afrostellung vun dem Monopol vun eenzele polizeilechen Tätegkeeten, mee net, dass d‘Police fir Gerechtegkeet steet. Déi Sloganen déi een an den USA, Frankräich an och aner Länner vu Leit héiert, déi géint d‘Police op d‘Strooss ginn, wei „No Justice, No Peace – Fight the police“, „Police partout, justice nulle part“, treffen ee wichtege a richtege Punkt, dass d‘Police eben net Gerechtegkeet bedeit, éischter de Contraire. De biergerleche Glawen, d‘staatlech Märchen, d‘Fiktioun oder wei een et nenne well, dass d‘Police fir Gerechtegkeet steet, geet souwäit, dass andauernd bewaffent Flicke ronderëm fueren, an dat schenkt keen ze stéieren. Net nëmmen d‘Gewalt, mee och d‘Presenz vu bewaffente Leit déi dech ëmmer kontrolléiere kennen, gëtt am Numm vum Code Civil an law and order vun der Populatioun toleréiert. Grad de Fait, dass een enger Grupp vu Mënschen ee Monopol op Waffe gëtt an deen aneren net, produzéiert eng Ongerechtegkeet, och virum Gesetz an der Justiz: E Polizist kann sech méi „erlaben“; Oder dem Flic gëtt viru Gericht méi gegleeft wei engem „normale“ Bierger.

„Tatsächlech ass d‘Gewalt vun der Police déi eenzeg Gewalt déi effektiv bekämpft ka ginn, well si déi am beschten organiséiert Vereenegung ass, déi Gewalt uwennt.“

Gewalt spillt eng zentral Roll bei der Police, dobäi ass et den éischten Ament egal op se ausgeüübt oder „nëmme“ menacéiert gëtt. Fir d‘Police, a fir déi, déi no méi Police ruffen, solle gesellschaftlech Problemer mat Gewalt geléist ginn. Eng Police-Reform klengt doropshi komesch, well et bedeit am Endeffekt eng Reform vu Gewalt. Besser wier et awer Gewalt ze verbannen: D‘Ofschafung vun der Police; an dat bedeit d‘Gewalt deenen ze entzéien déi se uwennen. Tatsächlech ass d‘Gewalt vun der Police déi eenzeg Gewalt déi effektiv bekämpft ka ginn, well si déi am beschten organiséiert Vereenegung ass (villäicht zesumme mat der Mafia?), déi Gewalt uwennt. Am Vergläich a just als Beispill, kann haislech Gewalt net frontal bekämpft ginn a scho guer net duerch d‘Police. Op der anerer Säit ass Gewalt oder widderständeg Reaktioun géint d‘Police ëmmer gerechtfäerdegt! Well d‘Police-Uniform eng Ligen an e Verbrieche cacheiert, deen de Mënsch den se undeet an dréit selwer onmënschlech mécht. Slogane wei „ACAB“, „Bullen-Schweine“ oder Anerer, droen dowéinst eng Wourecht a sech. An der Aussoe, „de Polizist mécht nëmmen seng Aarbecht“ verstoppt sech, dass den Eenzelen seng Mënschlechkeet ofleet wann en seng Uniform undeet. Dobäi geet et net dreems op en e gudden oder e schlechte Mënsch ass, dees ass Amfong irrelevant, well d‘Struktur iwwer dem eenzele Polizist oder Polizistin steet. Dofir ass eng Diskussioun iwwer gutt oder schlechte Polizist hifälleg…

Eng Police-Reforme ass och ëmmer de Versuch vum Staat méi „mënschlech“ ze schéngen – den Inneministère schwätzt gär vu méi no bei de Bierger ze sinn. Dobäi ass et eng global Entwécklung, dass Kontroll ëmmer méi raffinéiert an verfeinert gëtt. Et ass sécherlech ze begréissen, wann et manner Doudeger duerch d‘Police gëtt wei fréier, mee et ass eng Illusioun ze mengen, dass, allgemeng manner Mënschen duerch Repressioun (wei beispillsweis am Prisong) stierwen oder blesséiert ginn. D‘Entwécklung, dass de Staat net méi maßlos a frontal Gewalt uwennt fir seng Gesetzer duerchzesetzen, ass eng Entwécklung am Interessi vum Kapital. Engersäits destabiliséiert exzessiv Gewalt de Staat selwer, an anerersäits, riskéiert een Aarbechtskräften ze verléieren.[4] Dofir gesäit de Staat méi subtil Mëttel als méi adequat an effikass un: Iwwerwaachung, Prisong, staatlechen Terror, asw. Technologie spillt hei eng wichteg Roll, well si net nëmme Kontroll méi subtil mécht, mee och der Police méi Méiglechkeete gëtt. Et ass iergendwéi komesch, dass den Inneministere vu méi „Méi no un de Bierger“ schwätzt a gläichzäiteg d‘Kontroll technologesch ausbaue well, wat bedeit dass de Bierger d‘Kontroll an d‘Iwwerwaachung manner gesäit.

„Wa mir d‘Police ofschafe wëllen, da musse mir […] Léisunge virschloen, déi keng Police oder Änleches brauch. Des „policefräi“ Léisunge ginn et ëmmer, well den eenzegen Zweck vun der Police dodra besteet, d‘Existenz vum Staat ze behaapten.“

Et ass noutwendeg ze soen, wei a firwat d‘Police Populatioun net schütze kann. Oder méi besser gesot, dass d‘Police net d‘ganz Populatioun schütze wëll, well si am Intressi vu Staat a Kapital handelen. Doru gëtt den Eenzelen an enger kapitalistescher Gesellschaft gemooss a gewäert, wei eng Roll a wei Nëtzlech ee fir d‘Kapital an de Staat ass. A wei schonns duergeluecht, d‘Police ass de siichtbaren Ausdrock vun der Herrschaft. Bei all gesellschaftlechem Problem huet d‘Police nëmmen een Ziel: an éischter Linn d‘Existenz vum Staat ze demonstréieren![5] De Bierger spillt dobäi eng grouss Roll bei der Bestëmmung vun dem wat als Problem fir de Staat ugesi gëtt an, dass d‘Populatioun d‘Police als Léisung vu bal all Problemer ugesäit. Fir dëst ze verstoe muss e sech virun Aen halen, dass d‘Police d‘staatlech Entwäert op komplex Problemer ass, wei Aarmut, Vergewaltegung, Drogesucht, Prostitutioun, Steierhannerzéiung, Streit tëschent Noperen, Verkéierskontrollen, Demonstratiounen, Mord, Vol, Terrorismus, Pandemien, asw. Wa mir d‘Police ofschafe wëllen, da musse mir als éischt kucken, wat als gesellschaftleche Problem geléist muss ginn, an uschléissend Léisunge virschloen, déi keng Police oder Änleches brauch. Des „policefräi“ Léisunge ginn et ëmmer, well wei gesot den eenzegen Zweck vun der Police dodra besteet, d‘Existenz vum Staat ze behaapten an net eppes fir d‘Léisung vum Problem bäizedroen. Ob et da jeeweils eng direkt Léisung gëtt oder de Problem strukturell dem System immanent ass, muss da weider gekuckt ginn. Och wa warscheinlech vill sozial Problemer duerch de bestoenden ongerechte System selwer be- an entstinn, kann an dierf een net denken, dass mam Enn vum Kapitalismus och all gesellschaftlech Problemer verschwannen – d‘sozial Revolutioun ass net een „Allheelmëttel“fir all Problemer. Selwer fir sech, a sengem Frëndeskrees, Community, Quartier oder Duerf kann e doriwwer nodenke wei e Problemer ouni Police (an esou besser) léisst an gläichzäiteg eng Praxis üübt. Mee vir iwwerhaapt doriwwer nozedenken Léisungen ouni Police ze fannen a sou d‘Ofschafung vun der Police ze argumentéieren, muss een gesinn an domat d‘Accord sinn, dass d‘Police esou wei all repressiv Moossnamen (och de Prisong) keng Léisunge fir gesellschaftlech Problemer sinn.[6]

Et muss een also d‘Méiglechkeet an d‘Noutwendegkeet denke kennen, dass et eng Zukunft ouni Police ka ginn. Theoretesch ass d‘Ofschafung vun der Police net esou komplex. Kuckt een zum Beispill op d‘Diskussiounen déi global gefouert goufen/ginn, da sinn et Proposen ewéi: De PolizistInnen muss eng nei (nëtzlech) Aarbecht ugebuede ginn; d‘Astellung vun neie Flicke reduzéieren oder stoppen; d‘Gehälter vun der Police drastesch kierzen an zäitweis e groussen Deel vun der Police entloossen; oder aner Moossname fir de Beruff manner attraktiv ze mann; bis d‘Police ebe lues a lues ofgebaut gëtt a verschwent.

D‘Police ass net onofhängeg a steet a Lëtzebuerg ënnert der Autoritéit vum Banneminister. Wei mir probéiert hunn duerzeleeën, ass d‘Police mam moderne Staat enk verwuerzelt a si bedéngen sech géigesäiteg. Fält eppes vu béidem ewech, géif dat deen Anere grave schwächen. Doraus erkläert sech, dass keng politesch Partei déi an der Regierung ass d‘Police ofschafe well (och wann si des an der Oppositioun plädéiert hätten). Well och wann et méi oder mol manner Police an dem jeeweileger Regierung gëtt, gëtt et keen Ënnerscheed an der Struktur vum Staat selwer. Et gëtt wéineg wat dem Staat vu senger Populatioun just per Gesetz zougestane gëtt, mee vill méi wat him net zougestane gëtt – dofir brauch een eng Exekutiv, d‘Police. Et ass eng Tatsaach, dass Gesetzer méi Real sinn, wann d‘Police praktesch dofir suergt, wei wa Gesetzer leedeglech um Pabeier stinn. Wann de Staat also de Pouvoir vun der Police limitéiere géif, géif hien seng eegen Interessen a seng Muecht limitéieren. Tatsächlech géif de Staat mat enger Aschränkung vun der Police seng Wierkungskraaft an direkt Beréierungspunkte mat dem Bierger an der Populatioun aschränken. Eng Regierung a Staat u sech huet deementspriechend keen Intressi dorun, sech selwer duerch eng Ofschafung vun der Police ze schwächen. D‘Police kompenséiert méi oder wéineg de „Realiteitsverloscht“ vun der Iddi vum Staat an de Käpp vum Bierger. D‘Presenz vun der Police ass en (Ra-) Appell un d‘Populatioun: De Staat existéiert. An ofhängeg wei staark de Staat an de Käpp vun de Bierger present ass, der Aussoe gleewe schenkt, dass de Staat existéiert, brauch ee Staat méi oder manner Flicken. Et kann een et och anescht soen: Brauch ee Staat manner Flicken, dann hunn d‘Bierger de Flic verënnerlecht – selwer e Flic am Kapp setzen.

D‘Police ofzeschafen, heescht och: de Staat ze kontestéieren, hien ofschafen ze wëllen.


[1]A mir preziséiere: all Police, och souer mat giele Gilete mat GDL dropstoen!

[2]Et gi souvill Mythen iwwert d‘Police. Wei och zum Beispill, dass d‘Angscht virun der Police Verbriecher ofschrecke géif. Des ass awer eng Ligen. Oder wien géif gären an engem Land liewe wëllen, an der den eenzege (!) Awand vun de BewunnerInnen géint Vergewaltegung oder och Kannibalismus eng gesetzlech Strof géif sinn, deen een fir des Verbriechen erwaarde géif? Et ass also falsch ze mengen, dass d‘Gesellschaft an och d‘Mënschen nëmmen duerch d‘Angscht viru Sanktioune Saachen net mann.

[3]Dobäi ass d‘Fuerderung fir méi Muecht vu der Police onendlech. Eleng duerch déi eraschaffen Tatsaach, dass si als den legitimme Garante fir Gerechtegkeet schéngen an dass, méi Gerechtegkeet, méi Schutz a Bestrofung vu Verbriechen, alles Saache sinn, déi keng Grenzen hunn – oder wéini gëtt et genuch Gerechtegkeet, genuch Sécherheet? (A sécherlech ass des subjektiv).

[4]Freier sinn d‘Flicke mat Schëss géint Demonstranten oder Streiks virgaangen. Des ass an Europa net méi de Fall, mee awer nach ëmmer an anere Länner.

[5]Des steet virun iwwerhaapt eng Léisung fir Problemer ze fannen – wa ma wierklech dovun ausginn, dass d‘Police Problemer léise well. E Gedanken dozou: Wann d‘Police all Problemer léist, mécht se sech da selwer iwwerflësseg? Doduerch gëtt och kloer, dass d‘Police ni eng grondleeënd Léisung fir e gesellschaftleche Problem kann hunn. D‘Police geréiert sozial Problemer an huet, wann iwwerhaapt, nëmmen temporär oder symptomatesch Léisungen.

[6]An den USA bei den Black Lives Matter Protester 2020 konnt een op de Maure liesen „Who do you call, when cops murders?“. Dëse Sätz war och bei de Protester an Hong Kong ze gesinn, wou d‘Police brutal géint all Protest géint Regierung virrangegen ass. An dënne Fäll stellt sech d‘Fro wei ouni Police liewe mat enger Drénglechkeet. Virun allem an den USA, an der black community, ass des Fro eng Noutwendeg, well schwaarz Mënschen ëmmer rëm Opfer vu Policegewalt ginn. Doraus hunn sech eng Selbst-Organisatioun an interessant Virschléi an Usätz fir „policefräi“ Léisungen entwéckelt.

Zine PDF (DIN A5)