“De Garer Quartier a Bouneweg soll scheinbar eng méi profitabel Clientèle uspriechen an unzéien. An dofir muss säin Image verännert ginn an gewëss Mënsche (mat hire Problemer) verdrängt ginn.”

Repressiv Virgäng fir eng Ëmstrukturéierung vum Garer Quartier an Bouneweg

Eng grondleeënd repressiv Approche vum Lëtzebuerger Staat wéisst sech an der aktueller Diskussioun ëm de Garer Quartier, a praktesch um Terrain. Mat dem politesche Keyword Sécherheet, gi ganz Quartieren ënner Soupçon geholl. Dozou kennt, dass een de Verdacht, net komplett fale loosse kann, dass tragesch Fäll politesch Instrumentaliséiert ginn, fir jeeweileg repressiv Mesuren ze legitiméieren. An engem maartorientéierte System verbleift d‘Sécherheet (oder vill éischter déi Verwendung vun dem Begrëff) an der selwechter Logik. Et geet virun allem ëm eng Sécherheet vum lukrative Geschäft (hei v.a. vum Logement) – an net ze vergiessen, och e profitabelt Geschäft duerch „Sécherheet“ (privat Sécherheetsfirmen, de Verkaf an Entwécklung vun neie Kontrolltechnologien, asw.). Dobäi gräift de Lëtzebuerger Staat ganz gären op repressiv Methoden zréck: Ausbau vum Pouvoir vun der Police, esou wei privat Flicken, Kameraiwwerwaachung,…

Sécherheet fir wien a wat?

D‘Police Reforme bedeiten heizuland ëmmer en Ausbau vun der Police, hirem Pouvoir a méi Befugnisser vun de Flicken. Gläichzäiteg mat der Reform, gesäit een eng Privatiséierung vum Sécherheetsapparat, duerch privat Sécherheetsfirmen. Säit dem Dezember 2020 patrulléiert d‘Sécherheetsfirma GDL op der Gare a an der Uewerstad. De Kontrakt gouf no enger éischter Testphase direkt verlängert an hiren Aktiounsradius op Bouneweg erweidert. Zu de repressive Moossname kennt e kontinuéierlechen Ausbau (säit 2002 duerch Visupol) vun der Kameraiwwerwaachung an eng Digitaliséierung vun der Kontroll.

Déi Mesure sinn politesch vun der Regierung gewollt. An den Discours, dee villes legitiméiert, dréit sech ëmmer rëm e „Sécherheetsgefill“. Dozou kennt, dass „Sécherheet“ hei als politesche Kampfbegrëff benotzt an Instrumentaliséiert gëtt, besonnesch wann ëmmer rëm Statistiken ideologesch interpretéiert ginn an Étuden net an dem gläiche Moss lancéiert an verëffentlecht ginn (a wann dann v.a. am Interêt vun dënne Leit déi Suen am Quartier mann an net „nëmmen“ do wunnen). Dofir bléift d‘Fro ze stellen: Sécherheet fir wien a wat? An warscheinlech ass d‘Äntwert: fir d‘Sécherheet vum Staat selwer, Entreprisen an Entrepreneuren, lukrativ Locatairen a Proprietären. Besonnesch duerch eng nei Gesetzeserweiderung, ouni direkte Grond Platzverweiser ze verdeelen, gëtt däitlech, dass et op der Gare an zu Bouneweg ëm eng Verdrängung vun Aarmen an „Onerwënschten“ aus dem Stadbild geet.

An warscheinlech ass d‘Äntwert: fir d‘Sécherheet vum Staat selwer, Entreprisen an Entrepreneuren, lukrativ Locatairen a Proprietären.

Ob der enger Säit geet de Lëtzebuerger Staat repressiv géint den Ausdrock vu gesellschaftleche Problemer fir. An ob der anerer Säit, gëtt eng vermeintlecht Alternativ dozou an eng sozial Kontroll integréiert. Säit dem Dezember 2020 ass „A vos Côtés“ op der Gare um Terrain fir sougenannte Präventiv- a Mediatiouns-Aarbecht ze mann. Dobäi gehéiert dëst zu enger sozialer Kontroll dozou, wann se an der selwechter Verwäertungs-Logik funktionéiert. Eng kapitalistesch Logik dee Mënschen esou kategoriséiert, wei se fir de Marché „erwënscht“ sinn. Well wei wäit geréieren Assistent Social‘en déi Mënschen, déi net „passen“? Wei mat deenen emgoen déi net an d‘Stroossebild gehéiere sollen? A weider gi primär d‘Ausdréck vu soziale Problemer bekämpft – d‘Bekämpfung vun de Symptomer vun Aarmut an Misär, ouni grondleeënd Froen a sou de System selwer a Fro ze stellen.

„Propper“ Stroossen?

An den Diskussiounen em de Garer Quartier a Bouneweg geet et ëmmer rëm ëm Drogen an alles wat dozou gehéiert. Drogekonsum brauch een Drogenhandel, an béides bedéngt sech Géigesäiteg. D‘Fro déi mir hei opwerfe wëllen, bezitt sech virun allem dorobber: ob Thematik ëm Drogekonsum an -handel (paradoxerweis) besonnesch dem Staat a sengen Diener netzt a vun hinne genotzt gëtt?

Mat Drogenhandel kann ee schnell Sue verdéngen. Et ass besonnesch fir déi een attraktiv Geschäft, déi sech eppes dobäi verdénge wëllen, keng Aarbechtserlabnis oder keng Chance op eng deck Pai hunn. An esou enger prekärer Situatioun ze sinn (Illegaliséiert, Aarm, Chômeuren, etc.) ass ee Resultat vun engem kapitalistesche System. A gewësser weis konzentréiert a regruppéiert de Staat all des Mënsche vum „Bord vun der Gesellschaft“ (Mënschen déi de Staat net integréiere konnt oder wollt) op engem Schwaarzmaart. Ee Schwaarzmaart ass awer net ausserhalb vun enger kapitalistescher Logik, mee funktionéiert genau sou wei de „legale“ Marché, just eben, wann e sou well parastaatlech. De System an seng Grondstrukture vun Eegentum, Marchandise, Muecht a Suen, geet net a Fro gestallt. De Kapitalismus reproduzéiert sech bis an all Wénkel vun der Gesellschaft.

Mat dem Argument vun „der Bekämpfung vun dem Drogeproblem“ gëtt d‘Kontrollen an d‘Iwwerwaachung vun der Police an privat Sécherheetsfirme legitiméiert an d‘gesamt Gesellschaft ënner Verdacht gestallt. Ween am Garer Quartier oder zu Bouneweg wunnt, sech do ophält oder nëmme bei den Zuch oder Bus geet, ka fir d‘Police potenziell verdächteg sinn a kontrolléiert ginn. Och wann d‘Flicken ëmmer rëm dementéiert, si virun allem Schwarz Mënsche vun de Kontrolle betraff. Esou wei Mënschen déi net an dat Bild vun engem proppere Geschäftsmann passen. Also cacheiren d‘Drogekontrolle rassistesch motivéiert Kontrolle vun de Flicken? An bei der Drogekontroll niewebäi geet gekuckt op een gëlteg Pabeieren huet?

Duerch déi repressiv Moossnamen op der Gare an zu Bouneweg ginn des Problemer net geléist, mee si solle verluecht a verdrängt ginn. Fir dass eben net déi Räich vu Symptomer vun Aarmut a Misär betraff ginn.

A Lëtzebuerg setzen net nëmme vill Leit wéinst Drogendelikter am Prisong, mee och eng héich Zuel an Untersuchungshaft (dat heescht et geet nëmmen e Verdacht an nach keng Verurteelung). Am allgemengen huet Lëtzebuerg eng extrem héich Unzuel vun Untersuchungs-Gefaangener am Vergläich zu aneren europäesche Länner. D‘Intervenéiere géint illegal Drogenhandel, besonnesch géint déijéineg déi op der Strooss aktiv sinn, fëllt de Bing mat Gefaangener an dréit dozou bei d‘Prisongs-Maschinerie um Lafen ze halen. D‘Bestrofung an de Prisong ass dobäi eng fundamental Struktur fir enger repressiv Approche géigeniwwer vu gesellschaftleche Problemer.

Natierlech kann een Drogekonsum zu enger Sucht féieren. Dass déi Sucht zu finanziellen an och anere Problemer feiert, dovu sinn besonnesch Leit betraff, déi schonns arem a mëttellos sinn. Et ass domat een Däiwelskrees fir Ofhängeger – an duerch e Schwaarzmaart ginn d‘Präisser nach méi an d‘Luucht gedréckt an dës Leit verstäerkt an en Ofhängegkeetsverhältnis falen. Et entsteet e, soe ma „soziale Kannibalismus“, wou sech aarm Mënsche selwer beklauen. Duerch déi repressiv Moossnamen op der Gare an zu Bouneweg ginn des Problemer net geléist, mee si solle verluecht a verdrängt ginn. Fir dass eben net déi Räich vu Symptomer vun Aarmut a Misär betraff ginn.

Géint eng Stad vun de Räichen!

De Garer Quartier a Bouneweg soll scheinbar eng méi profitabel Clientèle uspriechen an unzéien. An dofir muss säin Image verännert ginn an gewëss Mënsche (mat hire Problemer) verdrängt ginn. Ee viséierte sozio-ekonomesche Strukturwandel war an ass a ville Quartieren an der Stad (wei z.B. och am Pafendall), mee och zu Esch oder anerwäerts, siichtbar. Fir d‘Regierung, d‘Gemeng an privat Proprietären ass eng Gentrification eng Win-Win Situatioun: Well Proprietäre profitéieren duerch eng kontinuéierlecher Augmentatioun vum Loyer, an Gemeng an de Staat profitéiert, well duerch Verdrängung (bis an d‘Nopesch Länner) si manner sozial Hëllefen ausginn a méi Steieren eranhuele kennen. An der Stad fusionéiert den Interêt vu Privaten an der Gemeng an enger gewielter liberaler Buergermeeschterin, an hir Aussoen ënnersträichen ëmmer rëm, dass et ëm eng Politik fir déi Räich geet.

Fir d‘Regierung, d‘Gemeng an privat Proprietären ass eng Gentrification eng Win-Win Situatioun

Op dem Marché – op dem souwisou deejéinege méi Muecht hunn, déi méi Kapital hunn – geet et dann nëmmen ëm Valeur vum Logement an net déi em „sozial Komponent“, dass Mënschen an Haiser wunnen. Diskussiounen a Lëtzebuerg iwwert de Logement hunn ëmmer dëse liberalen Tenor. An de Problem vun der Verdrängung an dem Wunnsituatioun geet net eescht geholl, well et jo scheinbar „nach ëmmer Leit ginn déi prett sinn Wunnengen (an der Stad) ze kafen oder Appartementer loune kennen“. An hannert esou Sätz verstoppt bleift, dass de Problem do läit, dass et Mënsche ginn, déi hire Loyer net méi bezuele kennen a forcéiert sinn ze plënneren. Et ass eng (liberal) Illusioun, dass een a Lëtzebuerg fräi wiele kann, wou ee wunne well, well fir déi meescht bleift net vill Choix iwwreg, mat dësen horrende Präisser. Hei am Land ginn déi Leit, déi entweder net genuch verdéngen, studéieren, keng Eltere mat vill Suen hunn,… net nëmmen aus Géigende verdrängt an hu kee freie Choix wou se wunne wëllen, mee all déi ginn an d‘Nopeschlänner verdrängt.

„Si on adopte un point de vue cynique, les décideurs politiques n’ont qu’à se réjouir de la gentrification. Une ville sans pauvres est une ville qui est plus facile à gérer, les problèmes sociaux sont repoussés dans les pays aux alentours”.

Des Conclusioun vum Thomas Valici de sech mat enger Etüde mat dem Logement an der Stad beschäfteg huet, ass net zynesch, mee et trefft et op de Punkt. Well den Ausbau vu Kontrollorganer, méi Befugnisser fir d‘staatlech an d‘privat Flicken, engem repressiven Discours iwwer Drogen, asw. passt zesumme mat enger Gentrificatioun, déi ee momentan op der Gare an zu Bouneweg beobachte kann. Et gi Moossname getraff déi verstäerkt Aarm Leit betrëfft. D‘Problemer an Symptomer vu Gewalt, (Droge-) Mëssbrauch, prekäre Liewenssituatiounen, etc. Sollen aus der Stad oder zumindest aus dem Bild, verdrängt ginn. Op der Streck, fir eng Stad vu Räichen, bleiwen all déi Mënschen, déi net profitabel fir de Marché sinn.