China, d‘USA an mat der EU, Lëtzebuerg iergendwéi dertëschent

Zeitunge wei forum an och reporter.lu hunn sech an hire leschten Ausgabe mat dem Thema China befaasst an een interessante Bléck op Lëtzebuerg an hir Relatioun mat China geworf. Mir wëllen hei ee weidere Beitrag leschten a probéieren d‘Entwécklung vu China innerhalb enger globaler Ëmstrukturéierung an enger Kris vum „westlechen“ Kapitalismus an (alen) Neo-Liberalismus ze analyséieren. Déi, amfong net méi sou nei Roll vu China als eng Weltmuecht, bedeit gläichzäiteg een lafende Verfall vun den USA. Wirtschaftlech léisst sech dësen Ënnergang mam Fall vum Dollar beobachten. Mir probéieren dowéinst hei ee klengen Exkurs op den Opstig, mee v.a. den ugekënnegten Ënnergang vun den USA an hirer Hegemonie ze skizzéieren.

D‘Weltwirtschaftskris vun 2008 war genau geholl eng Kris vum NATO-Raum. China koum zimmlech gutt aus dëser Kris eraus.

Den Zerfall vun der amerikanescher Weltmuecht

Nom 2. Weltkrich gouf den Dollar, gedeckt vum Gold zu der Weltwärung. 1971 huet den deemolegen US President Nixon d‘Goldbindung vum Dollar fale gelooss, nodeem déi real wirtschaftlech Entwécklung een enormen Drock op de politesche Change (exchange rate) ausgeüübt huet. Zwee Joer méi spéit ass dëst System da komplett kollabéiert. Säit deem schwätzt een vun enger Hegemoniekris vun den USA. Mee den Dollar ass weiderhin d‘Referenz-Wärung bliwwen. De Welthandel a virun allem den Ueleg-Handel gouf iwwert den Dollar gereegelt a sou konnt sech d‘USA mat enger eemoleger Stellung massiv Defiziter opkéipen. No dem Zesummebroch vun der UdSSR (an der ‚Kris‘ am Irak 1991) schinnen d‘USA sou mächteg wei ni. Mee gläich duerno presentéierten sech China an och Russland um internationalen Terrain – an och duerno: Indien, Brasilien, Südafrika, Mexiko, Südkorea, Tierkei. Dobäi ass et wichteg festzehalen, dass och den Euro e imperialistesche Projet ass, deen den Dollar erausfuerdert.

Ab den 1990er gouf d‘Hegemonie vun den USA ëmmer méi kleng. Matzen an dësen Zerfall koum et zur amerikanescher Interventioun an den Irak, wou si nëmmen nach d‘Land zersprenge konnten an et dann dem Saddam Hussein iwwerlooss hunn, d‘Schierbelen zesummen ze kieren – et koum zu enger 12-Joer laanger Belagerung. Wei den Irak dunn ugekënnegt huet seng Ueleggeschäfter zukünfteg mat Russland an Europa ze maachen a an Euro ofzewéckelen, koum et zu engem erneiten militäresche Coup vun den Amerikaner géint déi geschwächten irakesch Arméi. Dëse Krich gouf vun den USA domat legitiméiert Demokratie am Irak anzeféieren. Dat ass alles längst vergiess an d‘USA spillen eng ënnergeuerdent Roll am Irak an den alen amerikanesche Plang vun nation building klappt net méi.

D‘Weltwirtschaftskris vun 2008 war genau geholl eng Kris vum NATO-Raum. China koum zimmlech gutt aus dëser Kris eraus. Mee trotzdeem hat des Kris d‘Potenzial all Staaten mat an en Ënnergang ze rappen. An dofir gouf deen ale System nach eng kéier mat vill Sue gerett a stabiliséiert. Wei haut bekannt an och deemools gesot, goufe grondleeënd Problemer net geléist – an een Problem ass eben den Dollar als Weltwärung, obwuel déi ekonomesch Substanz fir d‘Funktioun ëmmer méi a Fro gestallt gouf. D‘Fro déi dofir verstäerkt no der Finanzkris 2008 diskutéiert a gestallt gouf (och vun der UNO), war, wei ee peu à peu den Dollar als Weltwärung (Reserve currency) ofléise kann. Eng konkret Iddi vun enger neie Reserve currency goung op den deemolege Chef vun der chinesescher Zentralbank Zhou Xiaochum zréck. De 24. Mäerz 2009 huet den Zhou eng vill beuecht Ried zur Reform vum internationale Finanzsystem gehalen an hir gouf vum Foreign Policy op d‘Plaz 4er vun de wichtegsten Denker gesat. Nëmmen als Beispill, awer mat enger staarker Ausso: Op dem G8 am Joer 2009 hat den deemolege russesche Präsident Dimitry Medvedev Mënzen drécke gelooss fir den Changement vun der Weltwärung ze symboliséieren. D‘Finanzwelt déi ëmmer Opportunistesch ass, hat a Persoun vum IMF-Chef Dominique Strauss-Kahn e Change begréisst a war net ofgeneigt. An dem Gadaffi säi Libyen sollt sech der Iddi mat potenziellem Material uschléissen a sou konkretiséieren. Den Echeance sollt den 26. Mee 2011 op dem G8 an Frankräich sinn. D‘USA huet sech vehement géint dës Iddi an Projet gewiert. An si konnten sech „bewäerten“. Wei bekannt ass, gouf den Strauss-Kahn den 14. Mee 2011 mam Virworf sexueller Belästegung a versichter Vergewaltegung um JFK Fluchhafen an New York verhaft an Libyen gouf 2011 geboomt, sou dass Milizen an Tripolis amarschéiere konnten… An anescht nach wei an de Jore virdrun, gouf et vun den USA fir Libyen kee richtege Friddensplang méi. Mee vir allem war eng Wärungsreform vum Dësch! China a Russland ware perplex, a beschlossen doropshin: Dem Assad säi Syrien dierf net falen.

Et wéisst sech also, dass d‘amerikanesch Kricher an militäresch Defaiten un een En komm sinn. Eng kënschtlech wirtschaftlech Dominanz vun den USA léist sech net méi duerch d‘US-Armei oprecht erhalen: et wäert zu enger Neiuerdnung kommen.

D‘USA waren zu dem Zäitpunkt schonns politesch zerspléckt an weltpolitesch an der Defensiv. Gestridde gouf ëm d‘Fro, ob een weiderhi Weltpolizist spillt a mat verstäerkte Militär-Inteventiounen d‘Hegemonie vun den USA behaapt. D‘Hillary Clinton wollt dofir de Regime an Iran stierzen an den Obama ass awer Friddensverhandlunge mam rogue state agaangen. De Kompromëss war, dass een „mindestens“ an Syrien d‘Regierung stierzt – de wichtegsten Alliéierte vun dem Iran. An ëmfangräiche verdeckten Operatioune gouf een sunniteschen Djihad bewaffnet – Leading from behind war dem Obama seng Léisung. Fir d‘USA wier alles no hirem Plang gelaf, hätt Russland an China net den Assad ënnerstëtzt. Villäicht wier d‘amerikanesch Interventioun och fir si „Erfollegräich“ wann si éischter an direkt intervenéiert hätten… D‘Strategie an de Kompromëss war awer Leading from behind an een uviséiert Réckzuch aus dem Noen Osten. Am September 2013 kennt et dann zum faktesche Fridde mat dem syresche Regime. An am Juli 2015 kennt et zu engem Friddensofkommes mat dem Iran. A wei dunn am September 2015 Russland an de syreschen „Miniweltkrich“ antrëtt, war d‘Saach entscheet. Dat war de Wendepunkt vun den amerikaneschen Hegemonie-Kricher! Den Trump hat schonns viru senger Wal als President des Ënnerstëtzung fir den Assad begréisst. Syrien war also net nëmmen eng Nidderlag vum amerikaneschen imperialisteschen Ego, mee och en Ageständnis géigeniwwer Russland a China. E groussen Deel deen den Trump als russesche Spioun verdächtegt huet, koum vun dem Bord déi verluer haten. Dem Trump säi Make America Great Again, war eigentlech een Ausdrock vum Ageständnis vun der amerikanescher Defekt. An wat den Obama ugefaangen huet, ee Reckzuck aus dem Noen Osten an als Weltpolice, geet beim Trump weider – an eng Spaltung vun der amerikanescher Politik gouf ëmmer méi siichtbar. A wat ma bis haut gesinn, sinn Ausdréck vun dëser Sécessioun…

Et wéisst sech also, dass d‘amerikanesch Kricher an militäresch Defaiten un een En komm sinn. Eng kënschtlech wirtschaftlech Dominanz vun den USA léist sech net méi duerch d‘US-Armei oprecht erhalen: et wäert zu enger Neiuerdnung kommen. D‘Roll vu Russland bei dëser Neiuerdnung wéisst sech bei der Entwécklung vun der OPEC déi vun hinnen iwwerhol gouf. An nach méi riichten sech d‘Blecker op China, hir Wirtschaft an déi nei Silk Road (Belt and Road Initiative). Des Ëmstrukturéierung geschitt warscheinlech an begrenzte Wirtschaftskrisen. 2008 waren nach all Länner iwwerrascht vun der Kris – ob China wierklech iwwerrascht war bleift mol dohi gestallt. Allefalls ass spéitstens säit 2008 kloer, dass dofir gesuecht muss ginn, dass d‘USA an eng déif Wirtschaftskris geréit, ouni d‘Weltwirtschaft matzerappen. Allefalls bedeit et fir d‘USA sech intern ze restrukturéieren, d‘Industrie zréck an d‘Land ze huelen, d‘Aarmut ze geréieren, ee Biergerkrich ze verhënneren – Homeland Secrutiy an den Asätz vun der Nationalgard. Alles wat e grad Beobachte kann…

Dem Trump säi Make America Great Again, war eigentlech een Ausdrock vum Ageständnis vun der amerikanescher Defekt

Situatioun vun den Uyghuren an e Bléck an d‘Zukunft

D‘USA argumentéiert Ament hiert Virgoe géint China mat de Mënscherechtsverletzungen an Xinjiang. Och, wei forum duerleet, spillt d‘Situatioun vun den Uyghuren eng Roll oder eben net, fir d‘EU a Lëtzebuerg. Dass mir eis net falsch verstinn, natierlech ass d‘Situatioun vun den Uyghuren a China méi wei bedenklech. Mee wéisst si och e Bild vun der dystopescher Zukunft. Well et ass déi chinesesch Ekonomie déi momentan, a an Zukunft nach méi Virbild fir e “modernen” Kapitalismus wäert sinn. Spréch: déi miserabel Situatioun vun Uyguren ass Normalitéit an engem weltmaartorientéierte System. Hannert der amerikanescher Kritik un de Menscherechter a China ass vill méi e wirtschaftlechen Interessi. D‘USA huet selwer mat hirer Prisongs-Industrie eng Kontinuitéit vun der Sklaverei (13th Amendment)… Och wann z.B. Organisatioune wei amnesty International interessant Recherche maachen, kennen des fir politesch Zwecker genotzt. Wann also Politik vu Mënscherechter schwätzt, da virun allem well sech des instrumentaliséiere loosse fir eegen Interêten duerchzesetzen an iergendwéi moralesch op der Weltbün ze argumentéieren.

Wann also Politik vu Mënscherechter schwätzt, da virun allem well sech des instrumentaliséiere loosse fir eegen Interêten duerchzesetzen an iergendwéi moralesch op der Weltbün ze argumentéieren.

Also d‘Situatioun an Xinjiang ass méi wei bedenklech, well si e Bild vun enger Zukunft wéisst. Si wéisst a wei eng Richtung sech de Kapitalismus an der Peripherie entwéckelt: Massiv Iwwerwaachung, Ënnerdréckung op verschidden Ebenen, Aarbechtslager oder Ëmerzéiungslager. De Kapitalismus brauch Mënschen déi ausgeschloss bleiwen, déi awer eng produktiv Roll fir de System spillen. Vun den Aarbechtslager (déi et net nëmmen an Xinjiang ginn) profitéieren v.a. China, mee och international Konzerner. De forum schreift: „Die groß angelegte Masseninternierung kommt multinationale Konzernen zugute“. Et ass also vill méi e freie globale Maart deen sech Platzen eraus siicht wou sech bëlleg produzéiere léist. Xinjiang spillt dobäi gläichzäiteg eng Geo-politesch a -strategesch Roll. Thematik China sammelt also vill aktuell Punkte beieneen. Et geet ëm den Zerfall vun der aler Hegemoniemuecht USA, dee global ze spieren ass; ëm eng Emstruktureirung vun der Wirtschaft an engem neien Zentrum, China.

d‘Situatioun an Xinjiang ass méi ei bedenklech, well si e Bild vun enger Zukunft wéisst.

Wei d‘Situatioun vun den Uyghuren eis weisen a wei eng Richtung sech eng (staats-)kapitalistesch Ekonomie entwéckelt, gesi mir gläichzäiteg mat dem Ausbau vu Kontroll wärend der Coronakris, wei eng Dystopie, méi schnell real ka gi wei e mengt. „Seit dem Beginn der Coronakrise hob die [chinesische] Regierung die Überwachung im Namen der öffentlichen Gesundheit und Sicherheit auf ein neues Niveau.“ „Es ist zu befürchten, dass die [chinesische] Regierung die Pandemie als Vorwand nutzt, um eine Reihe von Überwachungsmaßnahmen zur Normalität werden zu lassen und weiter auszubauen.“ Leider geet forum net iwwert dëse Bléck hinaus an gesinn net änlech Mechanismen an Europa an Lëtzebuerg.

The C-Word

Duerch e Coronavirus ass sou gutt wei déi komplett Welt an eng Kris geroden, ausser scheinbar China net, déi an dem Zäitraum dat gréisste Freihandelsofkommen ënnerschriwwen hunn an mat dem Ausbau vun der Belt and Road Initiative (BRI) massiv ekonomesch Muecht akkumuléiren, chinesches Firma Huawei de gréssten Acteur bei dem Ausbau vum G5 ass, etc. Déi aktuell Gesondheets-Situatioun bzw. -Kris ass verbonne mat enger globaler Ekonomie, dat dierf keen Tabu Thema sinn. Mee et bleift eng schwächt vun den Journaliste vum forum d‘Entwécklung an d‘Muecht vu China net a Relatioun mat der aktueller Coronakris ze gesinn – oder och si verfalen der langweileg Angscht an eng Verschwörungseck gedréckt ze ginn. Formuléiert een awer keng Kritik un de Verhältnisser a wéisst wat grad mat der Hëllef vun engem Virus geschitt, da maachen dat Anerer – ebe Verschwörungsideolog*innen.

Den Ament befanne mir eis an enger Wirtschaftskris mat enormen Ausmoossen.

Den Ament befanne mir eis an enger Wirtschaftskris mat enormen Ausmoossen. Historesch besonnesch ass dobäi, dass des Kris fräiwëlleg ausgeléist gouf. Et handelt sech ëm eng politesch gewollte Wirtschaftskris an net ëm ee spontanen Zesummebroch: Shutdown vu Produktiounsketten an d‘Welt steet stell. Weiderhi geet “d‘Schold” vun der Kris enger Molécul-Verbindung ginn… Sécherlech, et ass méi einfach a besser d‘Schold ausserhalb vun der Ekonomie a Politik ze sichen, ewéi se an der Defaite vum westleche Kapitalismus ze sichen.

De Weltwirtschaftsfond (WEF) schwätzt vun engem „Great Reset“, fir esou d’Wirtschaft an domat d‘Welt nei ze restrukturéieren. Dass et ëm eng konkret Ëmstrukturéierung geet ass kloer ginn. Mee los eis hei bessen spekuleiren: Et wäert keng elengstoend Hegemoniemuecht méi ginn, mee éischter eng multipolare Weltuerdnung (also rëm méi Muechtzentren). Reform vun der UNO an IMF, etc. Mee weiderhi bleift d‘Fro vun enger neier Weltwärung op – eng Kryptowärung? Passéiert eng Neiuerdnung ouni grousse Krich oder Kricher? Dat wier an der Geschicht nei. Letzlech geet et ëm ee stabil globalt Akkumuleierungregime op Grondlag vun der 4. industrieller Revolutioun. Och China huet keen Interêt un engem kompletten Zesummebroch vun den USA an sou kéint dat eng Zeitchen klappen. Eng Art Ultraimperialismus vu rivaliséierende Bléck, déi sech iergendwéi géigesäiteg a Schach halen. Des Bléck mussen sech awer réischt erausbilden a beweisen. Mee fir all Regierung steet dobäi eppes am Mëttelpunkt, dass déi eege Bevëlkerung roueg bleift, dofir kennt et och zu engem massiven Ausbau vu Kontroll. Wann d‘Kaarte nei gemëscht ginn, kommen och nei privat Acteuren op den Terrain: Big Pharma, Technologie Konzernter wei Amazon a Google. A v.a. kleng Entreprise wäerten sech net um Marché bewäerte kennen. Mee virun allem freet sech chinesesch Industrie. Trotzdeem bleift nach villes open an ze klären. Mat dem Verfall vum Dollar an der NATO géif och Europa ganz déif falen. Mee Wee weess, villäicht reorganiséiert sech Europa an alliéiert sech mat Russland oder China?