Säit Jore gëtt d‘Wunnengssituatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi schlëmm. D‘Nofro ass vill méi grouss wei d‘Offer, mee virun allem feelt et un abordabelem Wunnraum. Eng Wunneng oder een Haus ass zu engem Luxus-Objet ginn. D‘Wuer „Immobilie“ bleift zu Lëtzebuerg mat enger Wuesstems-Taux vu 16,7% bannen engem Joer, weiderhin dat lukratiivsten Investment vir Spëtzeverdénger an Millionären. Wa bei den steigende Präisser nëmme wéineg Mënsche profitéieren, bedeit dat gläichzäiteg, dass e wäitaus méi groussen Deel vun der Populatioun auszéie muss, verdrängt gëtt, sech eng nei Wunneng an der noer Grenzregioun siche muss (wou de Logement nach halbwegs abordabel ass) oder, deene Betraffen – déi net vu Pappa oder soss em een Haus geierft hunn – musse kucke wou se bleiwen.

D‘Politik sabbelt säit Joren iwwer déi prekär Wunnengssituatioun, déi sech kontinuéierlech verschlechtert. Et bleift allerdéngs ze froen, a wei weit et iwwerhaapt e politesche Welle gëtt d‘Wunnengskris ze léisen oder, ob een duerch d‘Entspanung vum Immobiliëmarché vill éischter säi Walpublikum vergrault?

D‘Wunnengskris zu Lëtzebuerg ass scho längst zu enger sozialer Kris ginn. D‘kontinuéierlecht Klamme vun de Loyere verstäerkt d‘Aarmut. Well d‘Kris trefft besonnesch Mënschen, déi schonns a prekäre Situatioune liewen oder vun Aarmut bedrot sinn. Et trefft majoritär Mënschen, déi zwar zu Lëtzebuerg wunnen, mee net (ob nationaler Niveau) Walberechtegt sinn. Déi walberechtegt Populatioun – also potenzielle Clientë vir all Parteien – sinn zu iwwer 70% Proprietär oder liewen an engem Haushalt, deen der Famill oder Partner gehéiert. Och de Staat selwer profitéiert doduerch, dass ëmmer méi Mënschen an d‘Grenzregioun plënneren, déi sech Lëtzebuerg net méi leeschte kennen oder net waarde kenne bis si eng subventionéiert Offer kréien. Well vir de Lëtzebuerger Staat fale soumat manner Ausgabe vir Sozialhëllef un an gläichzäiteg profitéiert hie weiderhin dovun, dass déi Leit op Lëtzebuerg schaffe kommen an hei Steiere bezuelen.

Wei egal d‘Wunnengssituatioun an déi prekär Situatioun vu villen (v.a. net-walberechtegten an jonke) Leit, der Politik an dem Staat ass, léisst sech doduerch erkennen, dass ongeféier 10 000 bis 20 000 Wunnengen zu Lëtzebuerg eidel stinn. Des géifen direkt ca. 30 000 Mënsche Wunnraum bidden.

Déi onzieleg eidel Haiser sinn schonns dem Engen oder der Aneren opgefall. Den Online-Projet Leerstandmelder.lu sammelt schonns säit 2014 eidel Haiser zu Lëtzebuerg. Een offizielle Register gëtt et (nach) net, well dëse géif Diskrepanz tëschent der Immobiliëkris an dem Leerstand jidderengem virun Ae féieren. Des pervers Diskrepanz huet fréier (och zu Lëtzebuerg) an nach haut an anere Länner, dozou gefouert, dass sech Mënsche selwer Wunnraum geholl hunn an dem si eidel Haiser a Gebaier besat hunn.

Et bleift engem also ëmmer nach een anere Wee, wei ze resignéieren an der Politik ze vertrauen, an zwar: d‘Saach selwer an d‘Hand ze huelen. Sech Raim, Wunnengen an Haiser unzeeegenen an ze besetzen. Sech zesummen ze organiséieren, vir géint Iwwergrëff vun dem Proprietär, géint Augmentatioune vum Loyer, Zwangsräumungen, asw. virzegoen.