Ee fräie Maart existéiert net, huet nach ni existéiert an wäert och ni existéieren. Meeschtens ass et nëmmen e politesche Kampfbegrëff vu Räicher déi „hir Geschäfter“ sou weit wei et méiglech ass, ouni „(staatlech) Restriktiounen“ maache wëllen, mee och si wëssen, e wierklech fräie Maart ass onméiglech (ganz dovun ofgesinn, ob des wierklech ee fräie Maart wëllen, déi am haartsten duerno jäizen).

Mee wat ass eigentlech e fräie Maart? Et ass ee Maart, ob deem et absolut keng Beschränkunge fir d‘Circulatioun vun der Marchandise gëtt. Nëmmen den absoluttsten Ideolog vum Liberalismus géif behaapten, dass nëmmen d‘Regierung eleng esou Beschränkungen operleeë géif. Wei e weess, ass déi gréisst Aschränkung vun enger fräie Circulatioun vun der Marchandise de sougenannte Besëtzer vun der Wuer. Et ass hien, dee behaapt, d‘Recht ze hunn, ze entscheeden, wat de Keefer bezuele muss. Also ass de Maart net fräi.

Ech loosse mech emol op dat Gedankespill an, mir een wierklech fräie Maart auszedenken. Jiddereen deen e Besetz huet, wier och potenziell ee Verkeefer. Et kéint een also een belibege Präis fir dat froen, wat e besëtzt a verkafe well. Mee kee kéint erwaarden, dass iergendeen dëse Präis och bezuele géif. An engem wierkleche fräie Maart hätt de Keefer genausou vill Fräiheet wei de Besëtzer, respektiv Verkeefer. Wann also een eppes vir méi bëlleg géif kréien, wei de Besëtzer well, géif en, ganz no der Iddi vum Homo oeconomicus, dëst maachen, a wann et méiglech wier et ze klauen, géif een dëst maachen. Dat eenzegt wat een dobäi géif hënneren oder eben den Besëtzer géif schützen, wier Gewalt vum Besëtzer selwer oder duerch Leit déi hien engagéiert. E wierkleche fräie Maart (vu rational Agenten) wär also e wëllt Duerchernee vun Déifstall, Gewalt, Mord, Bedruch, Manipulatioun, asw. Et wier och ee Marché dee Suen, Tausch oder Handel zu enger eklatanter Absurditéit maache géif.

D‘Iddi vun den Liberaler ënnerscheet sech vun dësem Bild. Wann si no méi „Fräiheet“ um Maart froen, da mengen si nëmmen „d‘Fräiheet“ vum Besëtzer. Mee vum Staat erwaarden si weiderhin, dass dësen si besser vun deene schützt, déi net de Präis deen si setzen, akzeptéiere wëllen.

Historesch kennt Schutzgelderpressung aus dem freie Mëttelalter dem wat e fräie Maart ass am noosten. Nom Zerfall vum réimesche Räich haten déi sougenannte Barbare keen Terrain méi vir ze plëmmen. Mee si konnten, och wann si wollten, net rëm zréck als Bauere schaffe goen, well si kee Land méi haten. Wat si hate ware Waffen, Rëschtungen an Kampfkonscht. Si hunn ugefaangen als „gutt Geschäftsleit“ an Bauerendierfer ze goen an de Leit do hire Schutz viru marodéiere Raiber, unzebieden. Am Echange vir Iessen, Platz vir ze liewen an Meedercher aus ëm Duerf als Fra ze huelen. De betraffenen Dierfer ass oft näischt aneres iwwereg bliwwe wei d‘Offer ze akzeptéieren, well si soss selwer vun dënne Leit ugegraff gi sinn. Si akzeptéierten d‘Offer an goufen zu Leibeegenen. Des ass ee Fundament op der sech de feudalistesche System entwéckele konnt, aus deem spéider de moderne Staat entsteet.

Dëst Beispill passt och gutt vir d‘Beschränkung vum Maart ze erklären. D‘Muecht vun dëse fréimëttelalterlechen „Geschäftsleit“ berout net nëmmen op physescher Gewalt, mee och op Täuschung an Manipulatioun (well déi betraffe Baueren ni ee wierkleche Choix haten d‘Offer ze akzeptéieren). Déi Mächtegst – déijéineg déi sech och géint déi aner „Geschäftsmänner“ duerchsetzen – besetzen um Enn alles vum reale Wäert, si bestëmmen den absolutte Preis an hunn d‘Muecht all déi aner (ausser villäicht déi, déi sech erfollegräich wieren) dorun ze hënneren d‘Präisser ze drécken oder ze klauen. Si géife bezuelte Kläpper, Söldner, asetze vir dass „hir Reegelen“ agehale ginn, duerch Gewalt, Spionage, asw. Klengt dat net wei d‘haiteg Funktioun vun der Police an modern „Steuereintreiber“? Ee wierklechen, ongeschützten an onageschränkte fräie Maart géif héchstens an e puer Joren all Funktioune vum Staat reproduzéieren an zu engem komplett ageschränkte Maart ginn, dee vun e puer wéinege kontrolléiert géif ginn. Fir all praktesch a konkret Zwecker ass d‘Iddi vum fräie Maart also onméiglech.

Also nach emol zréck bei déi politesch Verdeedeger vum fräie Maart. Si, wei et iwwerall Beispiller bei hiren Theoretiker gëtt, sinn sech de Konsequenze vun engem wierkleche fräie Maart bewosst an dofir sinn si zwar vir d‘Fräiheet vun de Verkeefer – do soll sech de Staat sou gutt et geet raushalen – mee bei der Verteidegung vun hirem Eegentum soll de Staat mat senger Gewalt a Gesetzer dofir suergen, dass hire Besetz an Eegentum geschützt gëtt an d‘Eegentumsverhältnis weider bestinn. De Staat soll also de räiche Besëtzer virun deen aarme Leit schützen, déi de Maart wierklech fräi maachen, andeems si sech déi Wuer huele wat se wëllen.

Und die Vermittelnden mahnen wir, ihre Herzen der Wahrheit zu öffnen und sich von ihrer armseligen und blinden Weisheit, von ihrem theoretischen Hochmut und von der knechtischen Furcht zu befreien, welche ihre Seele austrocknet und ihre Bewegungen lähmt. Laßt uns also dem ewigen Geiste vertrauen, der nur deshalb zerstört und vernichtet, weil er der unergründliche und ewig schaffende Quell alles Lebens ist. – Die Lust der Zerstörung ist zugleich eine schaffende Lust!“
Jules Elysard [Michail Bakunin], Über die Reaktion in Deutschland, 1842

Als Deel vun der Ënnerschicht, sinn ech kee Frënd vun der Iddi vum fräie Maart. Mee soulaang et e Maart gëtt, wäert ech mech fräi op dem verhalen a mir déi „Fräiheet“ huelen, dat ze huele wat ech well, am beschte gratis – net am Numm vun engem fräie Maart, mee vir méi Liewen ze verbesseren.

Mir gefält d‘Iddi vun der Ökonomie net. Ech well d‘Ofschafung vun all Virstellung vun Eegentum, Tausch an Marché. Mee virun allem well ech d‘Iddi vun der Wuer zerstéieren. Well vill méi wei de Staat, schränkt eis d‘Wuer an a beherrscht eis. Et ass d‘Marchandise déi d‘Mënschen op d‘Aarbecht dreift, vir shoppen ze goen, vir all Dag e bësse méi un Langweil ze stierwen. Et ass d‘Wuer, déi d‘Mënsche mat Biller vu Freed an Amusement bombardéiert, déi si ni erfëlle kennen an si fiedert de Glawen, dass duerch de Kaff vun dësem oder deem, iergendwellech Wënsch erfëllt ginn, déi oft selwer duerch de Marché produzéiert ginn. Bemol mengt een et bräicht een de Produkt XY vir glécklech ze sinn. Mir liewen an engem System an dem eis Begieren duerch de Maart befriddegt solle ginn, mee domat ass e vun Ufank un schonns ageschränkt.

De Problem leit an der Wuere-Gesellschaft. Duerch een Ziviliseierungsprozess – Domestikéierung vun der Natur, den Déieren an och dem Mënsch – fanne mir eis haut an der Gesellschaft rëm, an der alles zu enger Wuer, enger Saach gëtt, déi ver- oder kaaft muss ginn – bis zu Gefiller, wei Freed a Léift. D‘kapitalistesch Gesellschaft huet engem näischt ze bidden, wat ausserhalb der Logik vun der Marchandise leit. Dofir loosst eis d‘Wuere-Gesellschaft zerstéiere vir direkt a Kontakt zertrieden.