oder: wat ass Bio-Politik?

Déi staatlech Muecht wäisst sech a verschiddene Formen, mee ëmmer mam But seng Autoritéit ze legitiméieren an auszebauen. Si ka virsuerglech dohier kommen oder sech ganz kloer gewaltvoll an totalitär ausdrécken. Muecht léisst sech villäicht als „Konscht vum Regéieren“ beschreiwen. Eng „Konscht“ dovun ass, Muecht net direkt op den Eenzelen auszeüben, mee op eng (konstruéiert) Grupp, Gemeinschaft, Gesellschaft – sougenannte biopouvoir [1]. D‘Bio-Muecht (oder och Bio-Politik) bezitt sech net op den eenzele Kierper, mee op de gesellschaftleche Kierper.[2] Innerhalb der historescher Entwécklung vum Staat an Kapitalismus gouf d‘Individuum zum Subjekt ënnert dem Diktat vun der Gemeinschaft an der Logik vum Staat a Kapital. Schwangerschaft als Beispill, war net méi eng individuell Handlung, mee „Fruchtbarkeet“ gouf „Bevölkerungspolitik“, also eng „kollektiv Handlung“ déi och kontrolléiert misst ginn. Krankheet oder och Gesondheet, gouf zu enger „gesellschaftlecher Ugeleeënheet“ an der et ëm Produktivitéit geet. An esou geet och politesch entscheet, wien een liewe a wien ee stierwe léisst! Stierwen am ganz konkrete Sënn, wa bspw. Booter vu Refugiéen am Mëttelmier ënnerginn a Mënschen erdrénken, wéinst politeschen Entscheedungen. Dëst Beispill wäisst exemplaresch, dass de Kär vun der Bio-Politik rassistesch ass. Als aller éischt muss eng Grupp definéiert a konstruéiert ginn. D‘Bio-Politik am nationalsozialistesche Staat huet vun „Volkskörper“ geschwat. Een Deel vun der Bio-Politik ass et d‘Konstruktioun ze normaliséieren. Et ginn elo Mënschen déi zu der Grupp gehéieren an Mënsche (-Gruppen) déi dovun ausgegrenzt sinn. Verschidde Mënschen, déi zu der „anerer Grupp“ gehéieren, hu keng Méiglechkeet – och wann si sech nach esou gutt druginn, hiert d‘Verhalen upassen – dozou ze gehéieren. Déi Aner bleiwen ëmmer déi Aner; oft sinn et déi „geféierlech Anerer“ vun deene schonns just duerch hir Presenz eng stänneg Gefor ausgeet; eng stänneg Gefor de heelen (gesonden) Gesellschafts-Kierper ze schiedegen.

Am Interêt vun der „Gesamtheet“ muss sech net nëmme jiddwereen (an individuell Bedierfnisser) dësem ënneruerdnen, mee et ginn et och ënnerschiddlech wichteg Gruppen – a ganz zum Schluss vun der Hierarchie sinn ëmmer marginaliséiert Léit an Mënschen a prekäre Situatiounen. Sou ginn an dem Corona-Regime net all Mënsche gläich behandelt, bzw. geschützt: Wärend déi eng am télétravail schaffe kennen, muss een Deel/ eng Grupp, weiderhin op d‘Aarbecht fueren – an d‘Fabrick oder op d‘Felder schaffe goen, botzen oder fleege goen, oder och Päck ausliwwere goen. Déi staatlech Eegeninteresse ginn als „objektiv“ vermëttelt an materiell Contraintë ginn „rational“ duerchgesat. Dofir muss eng Grupp vun Ausgeschlossenen produzéiert ginn, déi et méiglech mécht, dass eng kollektiv Menace géint déi Aner funktionéiert. Een Effekt dovun ass et, dass – an der neoliberaler Logik vun der Selbstoptiméierung an Reguléierung – een sech als net ausräichend, net gutt genuch erweist: Een net zu 100% d‘staatlech Mesuren anhält oder d‘Aussoe vu Virologen net komplett a säi Liewen integréiert. Esou produzéiert d‘Bio-Muecht eng Angscht, d‘Angscht wann een sech net selwer Kontrolléiert, dass een degradéiert gëtt (an d‘Grupp vun den Aneren, de „Geféierlechen“, den „Idioten“). Eng produzéiert Angscht net méi dozou ze gehéiregen an dat legitiméiert selwer entwürdegt ze ginn.

Déi Aner, déi Ausgegrenzte sinn am Corona-Regime déi Ongeimpft, déi „irrational“ stigmatiséiert „Coronaleugner“. Momentan ginn et nach speziell ëffentlech Reim (Covid-Check Events), déi sech awer ëmmer méi op de gesamten ëffentleche Raum ausbreeden, an deenen nëmme gewësse Läit (Geimpfter) Zougang wäerten hunn. Mee och an der Diskussioun geet et eng Verdrängung vun der Meenung vun deenen Aneren (Impfkritiker/-geigner). Dobäi spillt déi erwäänten Angscht erëm eng Roll, well een Angscht huet duerch eng Aussoe oder Meenung zu der Grupp vun den „Leugner“, „Schwurbler“, etc. ze gehéieren. An dofir kontrolléiert een sech selwer, net nëmme säi Verhalen, mee och seng Gedanken. Provokant kéint een soen: déi neoliberal Subjekter, deene säit Jore „Eegeverantwortung“ an „Eegendisziplin“ gepriedegt gëtt, hunn dëst verënnerlecht. Esou ass et ze erklären, dass sech kee, oder zumindest den alles gréissten Deel zu Lëtzebuerg, net gemuckst huet an sech selwer doheem agespaart huet. Dat ass eng „Konescht vum Regéieren“, déi sech duerch Bio-Muecht entwéckelt huet. An esouguer déi progressiv, liberal an lénk politesch Spektre (vu politesch Rietsen, Konservativen guer net ze schwätzen) fannen sech an der Disziplinéierung erëm. Am Numm vun der „Solidaritéit“, der „Gesellschaft“ oder och den „Vulnerabelen“ gi vun aller politescher Couleur méi repressiv Moossname gefuerdert, esou dass an Zukunft och si weider „nëtzlech“ – produktiv – Membere vun der Gesellschaft dierfe sinn.

Mee och mat der ganzer Bereetschaft vu Selbst-Opferung an -Disziplinéierung vu senge Bierger, muss de Staat sech als ultimativ Autoritéit beweisen. Sou ginn nei Gesetzer erlooss an dem Staat seng offiziell Diener (d‘Police) – inoffiziell sinn et bspw. d‘Noperen déi sech (géigesäiteg) selwer kontrolléieren – passen op, dass jiddereen sech un d‘Mesuren hält. Grouss onkontrolléiert – d.h. ouni Covid-Check – Usammlunge gi verbuede, et duerft een sech net méi no enger gewësser Zäit dobaussen ophalen, etc. An Si, déi sech op der „sécherer“, „gesonder“ Säit gesinn, Si déi sech selwer ënnerwerfen, verstinn d‘Moossnamen vun der Regierung an si kennen nëmmen de Kapp rëselen, iwwert déi „Idioten“ déi sech op der Kinnekswiss oder Owes beim Mudam treffen. De wëssenschaftlechen Discours, dass sech Covid-19 virun allem a zoue Raim verbreet an bal guer net a frëscher Loft, spillt keng Roll méi, well vir Si d‘Aussoe vum Staat am meeschten zielt. Si hunn dann och ee Versteete-Mech vir dass d‘Flicken zu honnerte mat Helikopter déi Jugendlecher aus dem Parc verdreiwen…

Wann et am Ufank vun der Pandemie nach dreems gaangen ass, dass mir déi Vulnerabel schütze missten, geet et elo dreems, dass de „Gesellschafts-Kierper“ geschützt muss ginn. Dorop baséiert hiert staatlecht Verständnis vu Solidaritéit an Verantwortung… Wärend gläichzäiteg an den Heemer déi „Onproduktiv“ dem Doud iwwerlooss ginn – eleng an isoléiert. Et geet am Kapitalismus ëm Akkumulatioun an Produktivitéit. Dat bedeit d‘Ressource Mënsch, optimal auszenotzen. An Produktivitéit an Hygiène bedenkt sech am Kapitalismus géigesäiteg. Dofir gelt et och an enger „sanitärer Kris“ Produktivitéit an Wuesstem ze sécheren, egal vir wei ee Präis. D‘Wirtschaft spillt eng elementar Roll am System. Des wäisst och, dass sech oft primär aner Wëssenschaften un der Wirtschaftswëssenschaft orientéieren. Des ass allefalls den Cas am normalen Zoustand, am Ausnamezoustand – an dem mir eis grad befannen – gëtt et eng aner Wëssenschaft, déi meescht, dass aner Wëssenschaften net méi gehéiert ginn: an zwar d‘Virologie an Epidemiologie.

Déi nei wichteg Bedeitung vu Virologie an Epidemiologie ass bedeitend vir déi momentan Verhältnisser a villäicht och zukünfteg Entwécklungen ze verstoen. Gesondheet bedeit am Kapitalismus d‘Garantie vir Produktivitéit. An der Bio-Politik huet d‘Gesondheet déi héchste Prioritéit, vir dass de System – spréch: d‘Ausbeutung – weider funktionéiert. De bio-politesche Motto ass: Mësstrau dengem Nächsten, jiddwereen ass eng potenziell Biowaff. De Mënsch reduzéiert op ee potenziellen Träger vu Keimen. Esou liewe mir an enger Welt an der eng chinesesch Airline fuerdert, dass Passagéier Pampasen sollen un hunn, vir sou de Gang op Toilette ze reduzéieren – kee Witz. Bio-Politik ass ee wichtegen Deel vun dem Regéieren an deen an Zäite vu Covid-19 ëmmer méi wichteg gëtt. A vir dat hei just eng kéier (!) däitlech ze soen: déi Herrschend hunn Covid-19 net erfonnt, de Virus koum nëmmen zu engem ganz gudden Zäitpunkt, an si notzen dëse maximal aus.

E Prozess dee weit virdrun ugefaangen huet an elo massiv ausgebaut gëtt, ass d‘Digitaliséierung. Dobäi geet et net nëmmen iwwert d‘Iwwerwaachungstechnologie an nei Technologien de Kierper ze iwwerwaachen, mee och ëm eng Optimiséierung vun der Selbst-Kontroll. Beispillsweis hëllefen divers Apps eis dobäi méi produktiv ze ginn – méi Sport ze mann, „besser“ ze schlofen, eis d‘Häerz ze kontrolléieren, etc. De Kierper ass scho laang keng privat Affär méi. An dovun ofgesi wat eis déi Apps – vir beim Beispill ze bleiwen – bréngen, produzéieren se eng Onmass vun Daten an Meta-Daten, déi dat neit Gold sinn… Eng totalitär Visioun ass dobäi ëmmer méi real ze ginn. Digitalt Tracking, Impfregister, Immunitéits-Päss, Green Card, etc. an d‘Etabléierung ouni Widderstand, souguer d‘Fräiwëllegkeet, wéisst den Erfolleg vun der Bio-Muecht. Mee och wann eppes do duerch harmlos klengt, well et nach fräiwëlleg ass, huet all des ee geféierlecht Potenzial… Totalitär Muecht, Faschismus, Technokratie,… Als éischt trefft Disziplinéierung, déi sech schonns um „Rand vun der Gesellschaft“ befannen. E Virus an „epidemesch Hot Spots“ denken dann als Virwand vir weider Ausgrenzung.

D‘Gesellschaft ass am Kapitalismus ëmmer getrennt, well et ënner anerem ënnerschiddlech (Klassen-)Interesse gi – och wann sech (leider) déi meeschtens nëmmen déi Räich a Mächteg bewosst sinn. Duerch d‘Mesure vum Staat géint ee Virus spléckt sech d‘Gesellschaft ëmmer méi op, tëschent deenen déi den Autoritéite follegen an deenen Aneren. D‘Mesure vum Staat sinn als Uerdnungspolitik ze verstoen, a wéineg als Sozialpolitik. Déi déi sech net un d‘Uerdnung hale ginn als geféierlech, ustiechend an zerstéieresch diffaméiert an ausgeschloss. Bei der Uerdnungspolitik gëtt et ëm Keimfräiheet, a vir déi duerchzesetzen brauch de Staat een (digitaalt) Kontrollnetz. Geimpft ze sinn ass dat Erstriewenswäert – dat nei Normal – an d‘Plooschter no dem Vaccin gëtt houfereg gewisen. Eng steril, kontrolléiert Gesellschaft ass d‘Zill. Wei eng Fräiheet wäert nach bleiwen?


[1] De Begrëff vun der Bio-Politik oder och Bio-Muecht (biopouvoir) léisst sech déi éischte kéier bei enger net onstritteger Persoun fannen, dem Michel Foucault. Ab der Mëtt vun de 1970er Joren entwéckelt hien, ënner anerem an La volonté de savoir, de Begrëff vun der Bio-Muecht/-Politik. Et ass sécherlech bezeechnend vir dem Foucault seng Thesen, dass hien ni eng kloer Ënnerscheedung tëschent Bio-Muecht an Bio-Politik gemaach huet, esou sinn ochseng Bicher a Virliesungen deels Widderspréchlech, en plus verleeft hien sech oft an post-modernen Iddien, an esou bleift keng subversiv Kraaft méi iwwereg. Mee trotzdeem a villäichtgrad elo an dësen Zäiten, ass et wichteg e Bléck op Analyse vum Foucault ze werfen. Wärend déi meescht Leit alles als „Schwurbler“ diffaméieren, déi iergendeng méi déif Kritik un den Herrschenden an Covid-19 hunn(och wann e puer tatsächlech iergendwelleche Verschwörungsideologien an der leschter Zäit verfall sinn),kann dem Foucault seng Analyse ronderëm d‘biopouvoir engem hëllefen deskomplizéiertZäitene bësse besser ze verstoen.

[2] D‘Bio-Muecht bezitt sech ëmmer op d‘Gesamtheet oder d‘Grupp, net op bspw. individuell Bedierfnesser oder Uspréch. Dat mécht Statistiken sou wichteg an noutwendeg vir ee Staat, well duerch d‘Erkenntnisser hien säin Handele begrënnt.