D‘Isolatioun ass déi stäerkste Waff vum Kapitalismus. Si déngt dozou alles, d‘Gesellschaft an zwesche-mënschlech Bezéiungen, dem Diktat vun der Marchandise ze ënnerwerfen. Dobäi entlarvt sech déi bestoend Gesellschaft als eng Gemeinschaft vum Konsum (vu Social Media bis zum Nightlife). Net nëmme Géigestänn gi verwäert, mee och Mënschen – an d‘ Kategoriseierung dréit dozou bei.

D‘Fräiheet gouf – duerch d‘Entfriemung – zu eppes, wat een sech „leeschte“ oder ganz einfach, kafe kann. D‘heitëscht Fräiheet ass den Zoustand, wann een net am Prisong ass – also net an dem Gebai, wou d‘Isolatioun déi héchste Prioritéit huet.

Den Dram vun der sozialer Revolutioun, der Ëmwälzung vun alle Verhältnisser, ass net dout. De Versuch d‘Isolatioun ze duerchbriechen, sech op der Strooss ze treffen an net nëmmen Häerzer a Brand ze stiechen, geet weider. Sécherlech ass dëst een ambitionéierte Projet, dee villäicht ze vill vir d‘Realitéit ass, an der des Wierder geschriwwe sinn a ganz sécher vir dat ze déift konservatiivt Land, Lëtzebuerg. Mee wat këmmert een d‘Realitéit, wann dëst nëmmen e Kampfbegrëff (vu Resignéierten an Profiteure vun der bestoender Uerdnung) ass, dass alles sou bleiwe soll wei et ass?

An wann‘s du och denks, dass d‘Pippi Langstrumpf eng Erfindung vun der Bourgeoise ass, wou d‘Industrie vum Spektakel d‘Phantasie an d‘Désobéissance gefaangen hellt. Da stellen sech d‘Froen: Wei d‘Isolatioun duerchbriechen? Wei Platze vir Renconter a Widderstand schaffen? Wei zesumme kämpfen? Wei e gemeinsame revolutionäre Projet realiséieren? Wei d‘Verhältnisser ëmwerfen? Ee Beitrag dozou ass den anarchistesche Projet Papiermâché.