Den 31. Juli gouf bei der Place Marie-Thérèse zu Ettelbréck, e Mënscheliewen duerch eng Kugel vun engem Polizist beendegt. No dem Policerapport an der Press (déi dësen iwwerholl hunn) ass de spéideren erschossene Mann mat engem geklauten Auto vun Housen geflücht an gouf spéider zu Ettelbréck vun zwee Poliziste gestallt. Op der Platz hunn sech schnell vill Mënschen, dorënner Kanner, ëm d‘Szene gesammelt an puer hunn hiren Handy geholl a gefilmt. De weideren Oflaf ass dofir och op Video dokumentéiert. De Mann zeckt ee Messer, de Flic zéit seng Waff an schéisst. Schonns direkt duerno gouf d‘Propaganda vun der Police getrommelt. An och d‘Policegewerkschaft huet gläich hir Chance gesinn, vir weidert d‘Oprechte vun der Police ze fuerderen (bspw. Bodycams). An den éischten Artikele vun der Press gëtt d‘Affer schonns diffaméiert, als besonnesch kriminell an geféierlech duergestallt – als wier des eng Rechtfäerdegung fir d‘Erschéisse vun dem Mann. Et géif sech dofir ëm Selbstverdeedegung vum Flic handelen. Et kéint een an sou enger Situatioun net anescht handelen, wei engem an de Bauch ze schéissen. Wär de Mann net erschoss ginn, hätt hien den Polizist ofgestach. Asw. Wat eigentlech oppe Froe sollte sinn, ginn zu definitiven Aussoen. Den Erschossenen geet sou duergestallt an nëmme souvill vu sengem Liewen erzielt, dass des an d‘Narrativ vun der Police passt.

Elo fänkt d‘Enquête un. Mee wien schonns mat der Police ze dinn hat oder d‘Noriichten opmierksam matverfollegt, kann sech sécherlech denke wei et weidergoe wäert. [1] Virun dem Gesetz ass hält net jidderee gläich. Et ass keen Zoufall, mee d‘Struktur selwer, déi dëser Autoritéit zu Gronn läit. Well et ass d‘Noutwennegkeet vir all Staat, dass déijéineg, déi zur Sécherung vun der Muecht an hirem Déngscht d‘Gewaltmonopol hunn, onfeelbar sinn. Des Onfeelbarkeet ass eng wesentlech Rechtfäerdegung vir d‘Legitimatioun, als eenzege Gewalt uwennen ze dierfen. Des Iddi zitt sech duerch all staatlech Institutioun an gëtt genausou vun der Justiz ëmgesat. Géif des vun engem Groussdeel vun der Populatioun a Fro gestallt ginn, géif dat de Staat seriö bedroen. Dofir och d‘Noutwendegkeet, wann d‘Wouerecht (déi eben net mat dem Narrativ vun der Police iwwereneestëmmt) emol un d‘Liicht kennt, dass een dann ëmmer vun Ausnamen an Eenzelfäll schwätzt, déi dann ënnersicht solle ginn. Zumindest ass dat de Fall, sou laang et nach eng Ëffentlechkeet gëtt, virun där een seng demokratesch Mask oprecht erhale well.

Den (accuséierten) Carjacking mat engem Messer vum spendéieren Affer, war sécherlech eng gewaltvoll Dot. Des Justifizéiert awer op kee Fall de spéidere Schoss. An och hei, wei bei aneren Dote wou Mënsche vu Poliziste blesséiert goufen, wéisst et sech, dass Poliziste virun allem geleiert hunn mat Gewalt a Konflikter anzegräifen an, dass si vir hiert Verhalen net zu Rechenschaft gezu ginn. Sie wëssen, dass hire Cheffe bedéngungslos hannert hinne stinn an en retour sinn si bereet ouni ze zécken, gehorsam an féieren d‘Uerderen aus. Oft hunn schonns virgefäerdegt Muster an Feindbiller no deenen si handelen, ouni (seriö) Konsequenzen dofir ze droen. A wien fräiwëlleg vir dëse Service schafft, däerf wuel och gewëss Charaktereegenschafte matbréngen, welch net dofir schwätze mat Sensibilitéit an Feigefill opzetrieden. D‘Oprëschtung vun der Police, bspw. d‘ hallefautomatesch Waff, wäisst schonn dat Bild, dass, wann d‘Police an e Konflikt awierkt, dësen ëmmer méi gewaltvoll ka ginn. Als „gardiens de la loi“ erlaaben si sech am „Numm vum Vollek“, dass Betraffen alles a Kaf huele mussen, dass d‘Law & Order Politik duerchgesat gëtt. Dofir gëtt sech net ëmmer un d‘Reegele vum Rechtsstaat gehalen.

[1] Richtung22 bspw. dokumentéiert gutt den Fall vun 2018, wou ee Mann zu Bouneweg vun engem Polizist erschoss gouf.