E wierklechen Discours iwwert d‘Impfunge géint Covid-19 ass et ni zu Lëtzebuerg ginn, genau sou wéineg wei an de meeschten europäesche Länner. De Konsens sollt sinn, dass jidderee bereet ass sech impfen ze loossen – keng Platz vir Froen ob een sech elo direkt impfe loosse soll, méi spéit oder iwwerhaapt net, keng Platz vir Onsécherheet, Ängscht an och Opklärung iwwert Niewewierkungen. Éischter de géigendeeleg: de staatlechen a gesellschaftlechen Drock gëtt ëmmer méi erhéicht sech géint Covid-19 impfen ze loossen – elo, mat dem indirekten Zwang, dass een de PCR Test aus der eegener Täsch bezuele muss, wat natierlech Läit déi manner Suen hunn vill méi staark trefft… Et geet hei net drems ee moralescht Urteel ze fällen, ob een sech impfe gelooss huet, dat wëlles huet oder net, dëst ass duerchaus eng perséinlech Entscheedung. Och geet et net ëm eng Verurteelung vun deene Läit, déi sech net haaptsächlech wéinst gesondheetleche Grënn impfe gelooss hunn, mee well si sech rëm „fräi“ beweege a reese wëllen.
Mir liewen den Ament sécherlech a wirren a komplizéierten Zäiten. Dofir ass et verständlech, zougespëtzt ze soen, dass déi Eng onsécher sinn a Froe stellen an Anerer aus Angscht einfach den Autoritéite blann vertrauen. Mee wat des Zäite virun allem brauch, sinn oppen Diskussiounen. Mee deen aktuellen eesäitegen Discours, deen sech op „Verantwortung“ bezitt, zielt dorop hin, dem Staat ëmmer méi Muecht ze ginn. Et ass de Staat a seng Representanten, deen d‘Gesellschaft an zwou Gruppen opdeelt, an déi, déi sech „fügen“ an dofir „Privileeg“ genéisse kennen, an, an déi, déi sech der Unuerdnung vum Staat verweigeren, an dofir sanktionéiert ginn. Nee et gëtt keng (oppen) Diskussioun. Jidderee soll elo op d‘Regierung vertrauen an sech impfe loossen.
Et gëtt gesot, dass d‘Fakten eendeiteg a kloer sinn; dass sech impfen ze loossen, déi sécherst Entscheedung ass, bzw. méi sécher ass, wei de „Risiko“ anzegoen, schlëmm u Covid-19 ze erkranken. Mee och wann een unhuele géif, dass déi aktuell Daten zu den Impfunge korrekt a wëssenschaftlech Iwwerpréift wieren, da gëtt et ëmmer nach eng ganz rëtsch Donnéeën, déi een (nach) net kennt. An der Reegel brauch een Impfstoff 15 Joer bis en zougelooss gëtt. Bei engem Noutfall, wei aktuell bei Covid-19, ass déi Prozedur vill méi kuerz. Also och wann et Fuerschung an Tester vir déi aktuell Corona Impfunge gouf, sinn des ëmmer nëmme beschränkt. Esou ginn et beispillsweis keng Laangzäit-Studien an Donnéeën doriwwer, wat (Laangzäit-) Niewewierkunge sinn. Bei der Erfuerschung vu Covid-19-Impfungen huet een mat wëssenschaftleche Warscheinlechkeeten an Daten vun änleche bestoenden Impfunge geschafft. Déi nei Impfstoffer déi op der mRNA-Technologie baséieren, konnten op keng esou Donnéeën zréckgräifen, well et des einfach net gëtt. Bei all den Impfstoffer déi duerch een Noutfall vill méi schnell zougelooss ginn, bleift also ëmmer e Risiko an et geet keng Garantie (an oft ganz geréng Anung) hisiichtlech den Laangzäitfolgen. Et bleift also d‘Fro, ob sech jiddereen dësem Bewosst ass, deen sech impfe léisst? Op alle Fall gouf et vun den Autoritéite keng Opklärung oder Sensibiliséierung vir des Thematik. Elleng dëst wier schonns ethesch verwerflech, mee de Staat (an déi Leit, déi sech un der „staatlecher Wëssenschaft“ klammeren), üben een Drock an Verflichtung aus, dass een sech impfe muss.
“Onofhängeg vu wëssenschaftlechen Theese geet et bei de staatleche Mesuren dreems, dass de Staat méi Ermächtegung kritt. A wien sech dem staatlechen Diktat ënnerstellt, kritt biergerlech „Fräiheeten“ zréck, mee virun allem gëtt een net bestrooft, wei déijéineg déi sech dem widdersetzen.”
Déi (vergläichsweis wéineg) Donnéeën déi een iwwert d‘Impfungen huet, baséiere gréisstendeels op Versich am Labo an Analysen a kontrolléierte Raim. Mee des Tester an héich-kontrolléierte Raimlechkeete kennen net komplett Donnéeën iwwert den Asaz an der realer Welt ginn, dofir dauert et an der Reegel ëmmer Joer bis een Impfstoff oder och Medikament zougelooss ginn an op de Marché kommen. Déi kuerzfristeg Daten iwwert d‘Impfstoffer géint Covid-19 kennen also d‘Verhale vun der Impfung nëmme beschränkt prognostizéieren. Tatsächlech gëtt d‘Recommandatioun vir Läit déi een erhéicht Risiko bei der Impfung hunn, esou wei d‘Lescht vu méiglechen Niewewierkungen, bestänneg aktualiséiert. An trotzdeem gëtt weiderhi (am globalen Norden) massiv geimpft. An d‘Niewewierkungen déi soss, an engem klenge Maßstab getest, nëmme bei engem klenge Prozentsätz vun de Geimpften optrieden, ka bei den momentanen Zoustänn massive Schued (Kollateralschued?) vir dausende Mënsche bedeiten. Och déi modern Medezin a Wëssenschaft kann d‘Liewen net a senger kompletter Villfalt, sengen Nuancen, Komplexitéit an Gesamtheet respektéieren. Also maache mir eis näischt vir, dat wat grad geschitt ass e gigantescht Experiment.
Et gëtt net „déi Wëssenschaft“ déi iwwerall zu der selwechter Conclusioun oder Resultater kennt; Wëssenschaft ass vill éischter een Discours an der Theese falsifizéierbar sinn a och Wëssenschaftler sech, beschtefalls, géigesäiteg iwwerpréiwen. Oft geet gesot, dass mir elo souzesoen „live“ materliewe wat Wëssenschaft bedeit, nämlech, dass Theesen opgestallt ginn, déi Wochen oder Meint méi spéit rëm widderluecht ginn. Esou huet et beispillsweis am Ufank vun der Pandemie geheescht, dass d‘Masken net géint Covid-19 hëllefen, well de Virus nëmmen iwwert direkte Kontakt iwwerdrobar wier, an dofir sollt een alles desinfizéieren. Méi spéit ass een dovun ausgaangen dass, de Virus sech iwwer d‘Loft verbreet an dofir wiere Masken (an zouen) Raim absolut noutwendeg. Wat soll et also bedeiten, wa gesot geet dass mir der Wëssenschaft vertraue sollen? Mee méi wichteg hei ze erwänen ass a wei engem Verhältnis d‘Wëssenschaft an d‘Gesellschaft steet. Well mir aliewen och den Ament „en direct“, wei e wëssenschaftlechen Discours zu aneren/neie Conclusioune kennt, mee d‘Gesellschaft weiderhin un den alle Resultater festhält. Dovun ofgesinn, dass warscheinlech déi meeschte Läit vun ëmmer rëm neien Theesen iwwerfuerdert sinn. An et ass och warscheinlech esou, dass déi allermeeschten sech einfach un d‘Restriktiounen halen, well si soss mat Sanktioune rechnen. Dat huet dozou gefouert, dass sech keen dobaussen an der frëscher Loft an der Grupp getraff huet, mee déi meescht zu Dozent doheem oder an zoue Raim, wou d‘Autoritéite manner Kontroll hunn.
E Beispill aus der aktueller Pandemie, firwat een der Wëssenschaft net einfach traue soll, ass d‘Diskussioun iwwert den Ursprong vun dem Virus. Am Ufank vun der Pandemie huet een Artikel, dee vu ville wëssenschaftlechen Experten ënnerschriwwe gouf, d‘Hypothees, dass de Covid-19 aus engem Labo kennt, als komplette Blödsinn duergestallt. Des gouf dann d‘Grondlag (e.a. an de Mainstream-Medien an op Social Media) jiddereen, deen déi „Labo-Thees“ iergendwéi verdeedegt huet, als „Schwurbler“ ze diffaméieren. Et huet iwwert ee Joer gedauert bis puer Wëssenschaftler a Journalisten dësen Artikel kritiséiert hunn an zum Fazit koumen, dass den Haapt Indiz géint „Labo-Thees“ irrelevant ass. An en plus, hunn si gewisen, dass déi Wëssenschaftler déi deen Artikel ënnerschriwwen hunn, een direkt Interessi haten, dass de Labo (a sengen ugewannte Methoden) eng gutt Reputatioun huet. Mëttlerweil ass et allgemeng unerkannt, dass de Labo-Ausbroch eng valabel Thees ass, déi et wäert ass ënnersicht ze ginn. Des Beispill weist awer och – an et kéint een och aneren nennen – dass, on-wëssenschaftlech Argumenter (politeschen Opportunismus, finanziell Interessen, etc.) als vermeintlechen „wëssenschaftleche Konsens“ getarnt ka ginn. Ob des Diskrepanz an der Wëssenschaft gouf scho viru Joerzéngten opmierksam gemaach (duerch den Paul Feyerabend an de Pierre Thuillier). Mee ëmmer nach schenkt et sou, dass d‘Mënschen eng ganz naiv Virstellung dovun hunn wat Wëssenschaftler maachen.
Bei dem ganzen „Ech loosse mech impfen“ huet ee vergëss ëm wat et bei déi den Impfunge géint Covid-19 eigentlech geet: ëm d‘Reduzéierung vun der Warscheinlechkeet, dass een grave u Corona erkrankt. Dass ee manner ustiechend ass, ass nëmmen een Nieweneffekt an och kann e weiderhi selwer de Virus kréien. Firwat da nëmmen Net-Geimpften sech bei engem Covid-Check-Event teste loosse mussen, bleift d‘Geheimnis vun der Regierung… Allefalls mécht des kee Sënn, wann een als Geimpfte weiderhin de Virus kréien a weidergi kann. D‘Impfung mécht warscheinlech vir vulnerabel an eeler Läit Sënn, mee jidderee misst vir sech selwer gesinn, a wei weit een ee Risk huet grave u Corona ze erkranken oder a wei wäit een déi nach onbekannte Risike vun enger Impfung agoe well. Mee d‘Regierung hellt eis des Entscheedung an dem si een indirekten Impfzwang duerchsetzt. Dëst ass awer näischt Neies, well de Staat ëmmer an fundamentale Froe vir seng Populatioun entscheet, soss géif en sech selwer delegitimiséieren. All Staat wäert ëmmer, méi oder manner siichtbar, mat Gewalt seng Autoritéit duerchsetzen – ofhängeg vun der (fräiwëlleger) Ënnerwerfung vun der Populatioun – an dat ka bedeiten, een net komplett erfuerschten Impfstoff der ganzer Populatioun ze sprëtzen. Onofhängeg vu wëssenschaftlechen Theese geet et bei de staatleche Mesuren dreems, dass de Staat méi Ermächtegung kritt. A wien sech dem staatlechen Diktat ënnerstellt, kritt biergerlech „Fräiheeten“ zréck, mee virun allem gëtt een net bestrooft, wei déijéineg déi sech dem widdersetzen.
Säit annerhallef Joer héiere ma lo schonns d‘Rhetorik iwwer „Verantwortung“ a „Solidaritéit“ an der „Corona-Zäit“, déi just dorop zillt, dass een follegt a paréiert. D‘Rhetorik am Krich géint een onsiichtbare Feind ass scho längst zu enger Krichs-Propaganda ginn. An der Realitéit bedeit dëst een Ausbau vu Kontroll, Bio-Politik, Populatiouns-Management an Ausgrenzung. Sicht- a spierbar beispillsweis un der strikter Kontroll vun Territoiren an Entréeën an gewësse Beräicher. An souguer déi sougenannte progressiv Kräft – de lenke Fligel vum Kapital – si vir méi Aschränkungen an manner Beweegungsfräiheet. Si sinn souguer vir zoue Grenzen, mee dëst wäerten si selwer net mierken, well si selwer déi „richteg Pabeieren“ hunn an sech meeschtens net a prekäre Situatioune befannen… Wa mir eppes aus de leschte Joerzéngte geleiert hunn – 9/11 an den „war on terror“ (massiv Iwwerwaachung), d‘Finanzkris an Duerchsetze vun Austeritéit, Klimawandel an méi Gesetzer géint d‘ökologesch Kris, d‘Ofwälzen op déi Aarm an Ëmstrukturéieren zu engem grénge Kapitalismus, etc. – dann ass et: wann een net antagonistesch ass, am radikale Widdersproch mat dem Staat a Kapital, da bestäerkt een des nëmmen an et dréit een dozou bei, dass déi staatlech a kapitalistesch Herrschaft an engem weidere krisenhaften Zyklus (der Kris déi de Staat a Kapitalismus selwer produzéieren) verwalt gëtt.