An der Logik vun der Politik ginn et keng Individuen, also keng eenzel Mënschen, mee nëmme Bierger: de Mënsch als politesch Subjekt. Entscheedungen, déi een indirekt oder direkt betreffen, soll un Anerer, Politiker, Institutioune weidergeleet an vun hinne geréiert ginn. Vill Leit huelen dëst warscheinlech als Entlaaschtung op, well hinne kee Kapp oder Kraaft méi bleift no der Aarbecht, Familljeliewen, Kanner, asw. sech nach mat (komplexen) Themen (déi een selwer betreffen) ze beschäftegen, et resignéiert een an erdréit d‘Situatioun einfach. A wa Konflikter opkommen, och déi een owes net méi schlofe loossen, da sollen des iwwer „Ëmweeër“ geléist ginn (au moins probéiert), an dreems een dëse Vermëttler (Parteien oder Gewerkschaften) iwwerléisst. Dëst ass de politeschen Encadrement deen eng Demokratie erlaabt. Alles wat doriwwer eraus geet, gëtt als onverständlech, Dommheeten, asw. diffaméiert an als „on-politesch“ probéiert ze entkräften.

Dobäi si villäicht grad Situatiounen, zum Beispill wei randaléiert Jugendlecher, een deen sech enger Police-kontroll widdersetzt, péter un plomb virum Virgesetzte, etc. déi ee wierklechen Ausdrock vun de Verhältnisser sinn. Wierklech oder real an dem Sënn, dass den Ausdrock vun Onzefriddenheet oder Ongerechtegkeet net duerch eng Partei, Gewerkschaft oder politesch Organisatioun gefiltert gëtt. Politik ass also d‘Konscht vun der Representatioun. An des klaut engem seng Handlungsfäegkeet a geet engem als „Ersatz“ eng Illusioun um politeschen Discours ze deelzehuelen, wärend een eigentlech als Spectateur passiv gehale gëtt. Des Dimensioun vun der Politik spigelt sech iwwerall do, wou eng x-belibeg Organisatioun oder Institutioun d‘Individuum verdrängt, plus dozou an engem x-belibeg Programm oder Ideologie gefaangen hält. Niewent der Delegatioun an Representatioun, bedeit Politik maachen, ze vermëttelen, tëschent enger Totalitéit an enger Singularitéit vum Eenzelen. An dobäi vermëttelt d‘Politik net méi tëschent eenzele Mënschen, mee tëschent Bierger – een direkten Dialog ass um politeschen Terrain net méiglech.

Politik bedeit, ob der enger Säit, ëmmer ëm Erlabnis ze froen an op der anerer Säit, Mënschen, hir Handelen an Besoin, esou wei d‘Gesellschaft ze geréieren. Dobäi monopoliséiert d‘Politik d‘Entscheedungen iwwer Affären (perséinlech oder ëffentlech ass dobäi egal) an eng Struktur, déi iwwert d‘Liewe bestëmmt an herrscht. Des ka méi oder manner participativ gestallt sinn, mee ëmmer bleift een an enger passiver Roll. Politesch Organisatioune probéieren des Struktur oft „nëmmen“ méi participativ an inklusiv ze maachen, a stellen net d‘Struktur an de System Afro. (Och bei de politeschen Aktiviste sinn d‘Mënschen oder och déi, déi si virginn ze representéieren a vir si ze kämpfen, an enger Roll als Spectateuren.) De Monopol ob d‘Entscheedungsmuecht bleift onberéiert a feiert weiderhin dozou, dass selbstbestëmmt Entscheedunge a Liewe bekämpf ginn. Fir dass d‘staatlech Muecht an hir Gesetzer oprechterhale ginn, geet et d‘Police. Ouni des wier d‘Chamber wierklech nëmmen een Diskussiouns-Club an penibelt Theater.

Politik gëtt vun all deene Leit gemaach, déi iwwert d‘Affäre vum Staat an der Gesellschaft bestëmmen. An éischter Linn vu Politiker an Politikerinnen, mee och vu politeschen Aktivisten déi nëmmen doropshin aus sinn iergendwann un der Muecht ze sinn. Des feiert zu enger Verstäerkung vun Institutiounen déi iwwert d‘Liewe bestëmme wëllen. Aktivisten hei zu Lëtzebuerg kritiséiere bal ëmmer Institutiounen, net vir si ofzeschafen, mee fir hir „Defiziter“ ze kompenséieren. Fir den Ufank vum Text rëm ze huelen, geet et fir si dreems méi Leit ënnert de Subjekt vum Bierger ze stellen, an net an eng Richtung vun der Befreiung vum Mënsch. Soulaang et Institutiounen, wäerten et grouss oder kleng, jonk oder al Politiker ginn, déi iwwert Anerer bestëmme wëllen. Kontroll ass dowéinst an der Logik vun der Politik immens wichteg. Dass net emol d‘Aarbechter selwer ufänken sech ze organiséieren, antagonistesch géigeniwwer der Chefetage; dass d‘Schülerinnen an Studentinnen net ufänken d‘Institutioun Schoul an Uni unzegräifen, well si selwer bestëmme wëllen, wei, wann, wou a wat léieren; dass net emol sech d‘Mënschen direkt begéinen an sech auserneesetzen, ausserhalb dovu selwer eng Wuer ze sinn an a därer Logik. D‘Politik demoléiere bedeit si aus eisem Liewen ze verdreiwen. Sech säi Liewen an seng Selbstbestëmmung zréckzehuelen.

Wann een eppes verännere well, dann heescht et, et soll een an d‘Politik goen, spréch, enger Partei bäitrieden oder enger Organisatioun. An dobäi ass de politesche System, deen de status quo oprechterhaalt. Mëscht een dëst net, mee dréckt een seng Onzefriddenheet weiderhin direkt aus, dann ass een (grad fir Leit, déi net wësse wat Aarmut, Frustratioun, Gefill vun Ongerechtegkeet, gesellschaftlech Exklusioun, bedeit) „disqualifizéiert“ fir een gesellschaftlechen Discours. Et heescht dann negativ gemengt, dass een aus „Affekt“ gehandelt, mee strukturell Ënnerdréckung ass permanent present. Mee grad Politik probéiert Konflikter ëmmer rëm fir d‘Muecht (vu Staat a Kapital) ze rékupéreiren. Politik ass eng effizient Methode vir eng Revolt géint d‘Ongerechtegkeet an de Wonsch vir wierklech Verännerung ze decouragéieren. An des Method ass nach méi effizient, wann sech eng Partei oder Gewerkschaft als revolutionär ausgëtt. Dofir ass et een éischte Punkt vir subversiv ze sinn, ze probéieren d‘Politik ze verbannen.

“D‘Politik demoléiere bedeit si aus eisem Liewen ze verdreiwen. Sech säi Liewen an seng Selbstbestëmmung zréckzehuelen.”