Aarmut ass d‘Realitéit fir eng rëtsch vu Leit hei am Land, jee no Etude schwanken d‘Zuele vun aarm Leit a Lëtzebuerg. Och d‘Gefor an d‘Aarmut ze falen ass fir vill Leit stänneg present an eng permanent Stresssituatioun, grad wann een eng Famill oder eng Responsabilitéit fir een Aneren huet. D‘Corona-Kris verstäerkt d‘Aarmut, Gefor an d‘Angscht nach mol staark. Dobäi ass Aarmut ee Produkt vun engem kapitalistesche System, well wann et eppes geet wat de Kapitalismus net kann, dann ass et sozial Gerechtegkeet. Et geet hei lo net dreems eng nei Definitioun vun Aarmut duerzeleeën, dofir nëmme kuerz: Aarmut entsteet, doduerch dass een alles wechgeholl an ofhängeg vum Maart a Staat gëtt an dobäi innerhalb der Verdeelung manner zougestane geet. Aarmut geet soumat virun allem als eng materiell Aarmut wouergeholl. Mir liewen an enger Gesellschaft an der alles zu enger Wuer gemaach gëtt. Wann ee wéineg Suen huet ass een schonns direkt exclu vu gesellschaftlechen Aktivitéiten. Mee fir d‘Elend wat de Kapitalismus produzéiert am Ganze wouerzehuelen, muss sech eng Interpretatioun vun Aarmut op alles bezéien, wat een aarm mécht – och emotional Aarmut.

Materiell Aarmut léisst sech sécher besser faassen an an Zuele moossbar maachen, ewéi een d‘emotional Elend, wat duerch gesellschaftlech Verhältnisser andauernd produzéiert gëtt. Depressioun, Frustratioun, Stress, Angscht virum scheiteren, asw. ass Alldag. Konkurrenz a Mësstrauen zitt sech vum Marché aus bis an perséinlech Bezéiungen. D‘Symptomer vun der emotionalem Misär gi zum Beispill mat ënnerschiddlechen Drogen oder Social Media „bekämpft“. Dreem a Verlaange bleiwen am tristen Alldag agespaart an gi a Serien, Filmer an online „ausgelieft“. Fir dat manner „siichtbar“ Elend ginn et rëtsch „Medikamenter“, Psychiateren, Psychologen, Antidepressivas,… oder Weekends d‘Party oder de Fussballmatch. Ob dem affektiven an emotionalem Elend ass e ganze Marché opgebaut. Mee et gëtt keen „Allheelmëttel“!

Et gëtt villäicht vill méi dorëms sech bewosst ze sinn a ginn, dass niewent deem wat de System engem hei am Land alles „bitt“, et engem och villes geklaut an virenthale gëtt. Dass engem gesot gëtt, dass et engem a Lëtzebuerg ëmmer nach besser gëtt wei an XY, trefft op eng materiell Aarmut bestëmmt zou, mee dëst mécht de Misär (wei och eng materiell Aarmut) fir vill Betraffen net besser. Aussoe wei des, esou wei all Befriddegungs-Stategien limitéieren de Kader vun deem wat ee well a beschränken en op deen, wat de kapitalistesche System engem bitt oder bidde kann. Mee wat géif passéiere wann een de System Afro stellt? Wann een d‘Gléck ausserhalb dem kapitalisteschen Encadrement siche géif? Ausserhalb vun enger „Wuere-Gesellschaft“? Wann de Räichtum d‘Liewe wier wat een sech zréckhëlt? A wat wier wa Leit hei zu Lëtzebuerg des Revolt géint eng „sënnlos“ Existenz, als Freed gesi géifen?