Oft an besonnesch a „Krisenzäiten“ héiert een: „mir setzen all am selwechte Boot“. Mee stemmt dat iwwerhaapt? A wiem netzt des Behaaptung? Fir dëser Fro op de Grond ze goen, muss een als éischt gesinn, dass et verschidden Interessen innerhalb der Gesellschaft ginn an des stinn sech oft antagonistesch géigeniwwer. Beispillsweis huet ee Patron een Interessi dodrun um fräie Maart souvill Benefice wei méiglech ze maachen, wat nëmme méiglech ass an dem hir bei senge Salariéë spuert. De Salarié géigeniwwer huet een Interessi dodrun, esou vill wei méiglech fir seng Aarbechtsleeschtung ze kréien. Ee Proprietäre probéiert sou vill wei méiglech fir de Loyer ze froen, wat op Käschte vum Locataire geet. Mir liewen also an enger Gesellschaft an där eng Ongläichheet immanent ass, well de System e.a. op Eegentum-Verhältnisser baséiert.

Den demokratesche Staat behaapt, dass hien d‘Interesse vum Vollek vertriede géif. Mee d‘Behaaptung, dass d‘Regierung d‘Interesse vun eis all vertrëtt ass nëmme méiglech an dem si eng abstrakt Gemeinschaft erschaffen – mir setzen dach all am „selwechte Boot“. D‘Ongläichgewiicht gëtt doduerch net opgehuewe, mee zu Gonschte vun den enger Uewer-Schicht ginn d‘sozial Problemer (déi am direkte Verhältnis zu de Muechtverhältnisser sti) cachéiert. E gutt Beispill ass och den Nationalismus, deen eng kënschtlech (klassen-iwwergräifend) Gemeinschaft kreéiert an esou Klassekonflikter bekämpft.

Duerch déi propagéiert Mentalitéit, dass mir all am selwechte Boot setzen, entsti „gemeinsam Interessen“, déi vun alle sou empfonnt ginn, mee virun allem der besetzender an herrschender Klass netzt. Zum Beispill d‘Oprechterhale vum soziale Frieden, wat als gesamt-gesellschaftlech Intressen schenkt, bedeit virun allem, dass de Patronat weider „a Fridden“ ausbeute kann an en AarbechterIn zum Ausgläich besser Aarbechtsbedéngunge kritt; den „demokratesche Konsens“ oder „Demokratie“, bedeit am Endeffekt, dass een Dialog tëschent antagonisteschen Interessen ëmmer méiglech ass an deem d‘Interesse vu Besetzlosen eliminéiert oder reduzéiert ginn. Déi existéierende Konflikter ginn also duerch „gemeinsam Intressen“ befriddegt an zielen dorop hin, dass sech de System reproduzéiert.

Siichtbar geet dat ganz an der Politik, oder besser, an der Roll vun dem Politiker. Well d‘Politik bréngt d‘Konflikter op en Niveau, wou des net vun den direkt Betraffene gekläert gëtt, mee duerch Drëtt, eben durch Politiker, Parteien, Gewerkschaften, asw. Déi këmmeren sech dann ëm de Konflikt fir en innerhalb vum demokratesche Cadrage ze léisen – wat oft bedeit een ze verlageren oder ze bekämpfen. Doniewent dass d‘Interesse vun „Uewen“ méi Gewiicht hunn, gëtt et dobäi ëmmer primär dorëms méi eng grouss Majoritéit ze hunn – eng méi grouss Clientèle – an dess zefridden ze stellen. D‘Konfrontatioun ass net méi ee wierkleche (oder liewegen) Konflikt, mee e (abstrakte) Konflikt tëschent RepresentantInnen – ee Spektakel. Dobäi gëtt alles op e politeschen Terrain gesat, deen da vu staatlechen (oder par-staatleschen) Institutioune vermëttelt a filtréiert gëtt. Dat feiert dozou, dass, den direkt Betraffenen d‘Kontroll iwwert de Konflikt an hiert Liewen entzu gëtt.

Am Endeffekt feiert et dozou, dass Klassekonflikter net oppen ausgedroe ginn, wou se sech antagonistesch géigeniwwer stinn, mee et geet no Kompromësser gesicht, wat bedait dass d‘Ausbeutung weider geet. Dorop reduzéiert geet et nëmmen nach ëm een Dialog tëschent ënnerschiddlechen Interesse vun Ënnerdrécker an Ënnerdréckten.

Wa mir eng fräi Gesellschaft ouni Ausbeutung an Autoritéiten ustriewen, dann ass des nëmme méiglech duerch e kompromësslosen Ausdrock vun de Klasseverhältnisser – e soziale Kampf vun „Ënne“ géint e permanente soziale Krich vun „Uewen“. De Konflikt kann sech vir eis nëmmen am Erreeche vu Fräiheet oder eben duerch Viruféieren vun Ausbeutung léisen. Dowéinst kann et kee revolutionären Dialog oder Kompromëss ginn. Déijéineg déi behaapten, dass een Dialog noutwendeg ass, befriddege mat dëser Ausso een openee Konflikt an droe bei zur Oprechterhaalung vum Status Quo an der Reproduktioun vun der Ausbeutung.