10 Joer centre de rétention um Findel

Virun zéng Joer goufen déi Onerwënscht vum Prisong Schraasseg an de Prisong um Findel verluecht. 2011 war d‘Ouverture vum centre de rétention um Findel. Dësen néie Prisong an deen éischten an der Form zu Lëtzebuerg, soll sougenannten illegal Migranten, déi sech entweder „ouni Autorisatioun“ am Land ophalen oder deenen hir Demande op Asyl refuséiert gouf, aspäre bis si an dat jeeweilegt Land expulséiert ginn. „D‘Verbriechen“ vun deenen do agespaarte Mënschen ass, dass si sech net un d‘Gesetzer vun der Migratioun am Kapitalismus, gehalen hunn.

“D‘Fräiheet am Kapitalismus kennt u seng Grenzen an zwar do wou een net déi gülteg Pabeieren huet”

Tatsächlech mécht de Kapitalismus iwwerall op der Welt e falsch Versprieche vu Fräiheet. Hie bréngt Läit dozou eng Rees unzetrieden – oft verbonne mat Liewensgefor, vir d‘kapitalistesch Versprieche vu Räichtum oder besser Liewensbedingungen ze fannen. Dohannert verstoppt sech d‘kapitalistesch Logik vun der Verwäertung vum Mënsch – als aller éischt d‘Ënnerscheedung tëschent den „Erwënschten“ an den „Onerwënschten“. D‘Fräiheet am Kapitalismus kennt schnell u seng Grenzen – wuertwiertlech – an zwar do wou een net déi gülteg Pabeieren huet.

“Man hat Arbeitskräfte gerufen, und es kommen Mënschen”, sou de Max Frisch. Des Zitat entlarvt de Kapitalismus als e System deen de Mënsch nëmmen als Wuer verwäerte kann. D‘Grenzen an d‘Kriminaliséierung vun onerwënschte Migrante spillt eng entscheedend Roll an der Herrschaft vu Staat a Kapital. D‘Muecht kann esou d‘Aarbechtskraft reguléieren an un de Maart an d‘Produktioun upassen. Och kann si den eenzelen Aarbechter erpressbar maachen, andeems eng Konkurrenzsituatioun kreéiert gëtt an een sou gezwonge ka gi vir (nach) méi een nidderege Loun ze schaffen.

Den „Illegalen“ gëtt am Kapitalismus selwer eng Wuer an d‘Kriminaliséierung vun „Onerwënschten“ ass ee präzise Projet vun Ausbeutung. Dobäi gëtt et net nëmmen dreems, dass (vir déi Herrschend an Mächteg) den „Illegalen“ als Schëllege vir Misär a Krise stiliséiert ka ginn – an esou eng grondleeënd Kritik um Staat an Kapitalismus verniwwelt gëtt. Et bedeit och, dass de bestoende System prekär Mënsche brauch, vir och déi aner „Legaler“ besser ze menacéiere kann, eben, dass hir miserabel Situatioun nach méi miserabel kéint sinn. D‘Mechanisme vun Ënnerwerfung an Exploitatioun sinn ëmmer méi siichtbar an aggressiv un de Ränner vun der Gesellschaft, ob am Bing, virun den Diere vun der Festung Europa oder an Zentren, wei um Findel.